Radioen

On air

De Weekend  |  Sven Sauber - Yesteryears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Spuerkeess hat 2023 ee Rekordgewënn

Joresbilan

D'Spuerkeess hat 2023 ee Rekordgewënn

Aus dem Joresbilan vun der Spuerkeess geet awer och ervir, datt et ee schwéiert Joer fir d'Cliente war. Doriwwer eraus ginn et Pläng wat Co-working-spaces an d'Agencen ugeet.

auto_stories

2 min

Spuerkeess | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach

D’Spuerkeess huet am Joer 2023 e Benefice vu 400.8 Milliounen Euro gemaach. Dat ass e Rekord. Fir de Verglach: Am Joer 2022 hat d’Spuerkeess hat sech de Benefice op 235 Millioune belaf. Aus hirem Joresbilan geet och ervir, datt et fir d’Clienten e schwieregt Joer war, virun allem wa se e variabelen Zënstaux haten oder een neie Prêt wollten ophuelen, esou d’Françoise Thoma, d’Generaldirektesch vun der Spuerkeess.

Et hätt een eng individuell Léisung fonnt, wéi beispillsweis d’Dauer vum Prêt ze verlängeren oder den Taux variable an een Taux fixe ëmzewandelen. D’Generaldirektesch betount, datt d’Spuerkeess d’Krittäre fir e Prêt ze kréien, net verännert hätt.

Investissementer an d'Cybersécherheet an d'Agencen

Mam Rekordgewënn vum Joer 2023 géif een elo ënnert anerem méi an d’Cybersécherheet investéieren, grad wéi an dat eegent Personal. Beispillsweis solle Co-working-spaces un d’Grenze kommen, esou d’Françoise Thoma, awer och an d’Agencë soll elo investéiert ginn. De Reseau vun de physeschen Agencë wier "een Häerzstéck, e Kärstéck" vun der Aktivitéit vun der Spuerkeess. Si wieren extrem wichteg an déi bestoend Agencë wäerten och weider moderniséiert ginn, esou d'Françoise Thoma.

"Mir hunn do e ganz ambitiéisen Investissementsplang. Dat heescht och, datt deelweis ganz nei Sitte wäerte kreéiert ginn, déi anerer remplacéieren, mee déi méi appropriéiert sinn an der Situatioun wou si sech geografesch befannen."

Knapps véier Joer ass et hir, datt d’Spuerkeess hir Agencen op 11 Plazen am Land zougemaach huet. Fir dëst Joer virgesinn ass d’Ouverture vun enger Agence zu Réiden an zu Déifferdeng.

Aktualitéit
Wirtschaft