Radioen

On air

De Weekend  |  China: Partner, Konkurrent a Rival fir Europa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsche Filmpräis: "Sterben" gëtt als beschte Film ausgezeechent

Film

Däitsche Filmpräis: "Sterben" gëtt als beschte Film ausgezeechent

Den dräi Stonne laangen Drama "Sterben“ vum Matthias Glasner ass de beschten däitsche Film vum Joer, a krut dofir gëschter Owend zu Berlin beim däitsche Filmpräis déi gëlle Lola. De Film iwwert eng zerstridde Famill war mat 9 Nominatiounen an d‘Cours gaangen, a konnt schlussendlech 4 Präisser mat heem huelen.

auto_stories

1 min

Lola 2024 | © picture alliance/dpa | Sebastian Christoph Gollnow
Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Christoph Gollnow

Dorënner war dee vun der beschter Actrice fir d‘Corinna Harfouch. Beschte männlechen Acteur gouf iwwerdeems den éisträicheschen Acteur Simon Morzé. Dat am Historienfilm „Der Fuchs“.

D‘Actrice Hana Schygulla krut gëschter Owend den Éierepräis fir hiert Liewenswierk vun der däitscher Filmakademie ausgezeechent.