Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dana Gavanski - Let Them Row

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU preparéiert weider Santkioune géint den Iran

Informellen EU-Sommet

D'EU preparéiert weider Santkioune géint den Iran

Den Iran muss no senger Attack op Israel mat neie Sanktioune vu Säite vun der EU rechnen. Seng Ekipp wier am gaange weider Mesuren ze preparéieren, sot gëschter Owend den EU-Chefdiplomat Josep Borrell, no enger Videokonferenz vun den EU-Ausseministeren. De Sanktiounsregimm géif méi breet gemaach a verschäerft ginn. Wéini ass awer nach net kloer.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: EU

Déi nei Sanktioune sollen op verschidde Regimmer opbauen, déi d’EU schonns géint den Iran a Kraaft gesat huet.

D’Iddi ass de Sanktiounsregimm géint d’Liwwerung vu Dronen u Russland ze erweideren, sou den Dënschdeg den Owend no der Videokonferenz, de Chef-Diplomat Josep Borrell.

D’Europäesch Unioun huet och Sanktioune géint verschidde Persounen an Organisatioune verhaangen, och dat kéint ausgebaut ginn.

Xavier Bettel: Prozeduren anhalen

Zur Diskussioun steet iwwerdeems d’Aklasséiere vun den iranesche Revolutiounsgarden als Terrororganisatioun. Dat ass den Ament dem EU-Recht no awer net méiglech, sou den Spuenier. Virdru misst nämlech eng national Autoritéit an engem EU-Land géint déi Elite-Unitéit vun der iranescher Arméi enquêtéieren.

Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet gëscht um Bord vun der Staatsvisitt vum Grand Duc Henri an der Belsch drop higewisen, datt d’Prozeduren do mussen agehale ginn.

„Normalerweis muss e Geriicht fir d'éischt decidéieren, datt dat, fir datt dat op europäeschem Niveau kann och decidéiert ginn. Dat ass bis elo net de Fall gewiescht."

Et misst een och d‘Konsequenze bedenken, sou den Ausseminister, „kënne mer dann nach mat hinnen diskutéieren, negociéieren?“.

Et wier op all Fall sécher, datt d‘Iraner „ni eis Kolleege ginn“, sou de Xavier Bettel. Et wier ee sech och eens gewiescht, datt eng weider Eskalatioun verhënnert gi muss, sou nach den Josep Borrell.

D'EU wëllt weider Sanktiounen decidéieren

De Sujet wäert haut den Owend och beim Optakt vum informellen EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner haut a muer zu Bréissel ugeschwat ginn. De Josep Borrell wollt sech gëscht net fesleeën, wéini nei Sanktioune géint den Iran kéinten a Kraaft trieden. Deen nächste Méindeg gesi sech d’EU-Ausseminister zu Lëtzebuerg, sou den Hiweis vum Spuenier.

An de Sujet wäert och haut den Owend beim Optakt vum informellen EU-Sommet zu Bréissel ugeschwat ginn. D'Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner kommen den Owend a muer an der belscher Haaptstad zesummen.

Lauschterenplay_arrow