Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mount Abrëll war däischter a bedeckt

Bilan Meteolux

De Mount Abrëll war däischter a bedeckt

De leschte Mount krute mir d’Sonn vill manner ze gesinn, wéi dat soss am Abrëll de Fall ass. Dat geet aus dem leschte Bilan vu MeteoLux ervir. Am Abrëll goufe 40 Prozent manner Sonnestonne gemooss, wéi an der Moyenne vun der Referenzperiod tëschent 1991 an 2020.

auto_stories

2 min

Foto: Glenn Carstens

Am Duerchschnëtt huet de Mount Abrëll ëm déi 200 Sonnestonnen. 2007 waren et esouguer 324. Dësen Abrëll goufen 130 Sonnestonnen um Findel gemooss. De Chef vu MeteoLux, den Adnan Ćeman, erkläert, datt de Minimum bei ëm déi honnert Sonnestonnen am Abrëll géif leien. 

"Dat heescht mat deenen 130 Stonnen war de Mount Abrëll awer ze däischter oder ze gro, ze bedeckt."

Normal Temperaturen

Wat d‘Temperaturen ugeet, esou schwätzt den Adnan Ćeman vun engem normale Mount Abrëll. D'Duerchschnëttstemperatur louch bei 9,5 Grad an den Héchstwäert bei 23 Grad. Mat 16 Deeg Reen wier een och a punkto Nidderschlag zimmlech no un der Moyenne. Och wat d‘Quantitéiten un Nidderschlag ugeet.

"56,2 Liter sinn am Mount gefall an eis 30-Jores-Moyenne, déi läit bei 49. Dat heescht do si mir och just puer Prozent-Punkten driwwer."

Keen Niwwel am Abrëll

Aus dem Bilan vum staatleche Wiederdéngscht geet och nach ervir, datt sech am ganze Mount Abrëll keen Niwwel gebilt huet. Dat wier ontypesch, zumools um Findel. 

Déi nächst Deeg soll et gro a bedeckt bleiwen am Grand-Duché. An enger gudder Woch kéint et eventuell liicht méi frëndlech gi mat Temperaturen iwwer 20 Grad. Et sollt awer preziséiert ginn, datt et sech heibäi just em eng Tendenz handelt.

Aktualitéit
Ëmwelt