Radioen

On air

Thé Dansant  |  Marsupilami - Born To Be Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Emmanuel Macron wëllt iwwer eng nei europäesch Defense schwätzen

EU

Den Emmanuel Macron wëllt iwwer eng nei europäesch Defense schwätzen

De Franséische President huet sech prett gewise fir eng nei Debatt iwwert eng europäesch Defense ze féieren, déi och d’Atomwaffe géif matabezéien.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Dat huet den Emmanuel Macron an engem Gespréich mat jonken Europäer gesot, ee Gespréich dat fir de Pressegrupp EBRA gefouert gouf.

Hie wier fir déi Debatt, an där iwwert eng europäesch Defense diskutéiert gëtt. Mat abegraff si Loftofwiersystemer, Laangstreckerakéiten, Atomwaffe fir déi déi se entwéckelt hunn oder déi Länner déi US-amerikanesch Nuklearwaffen an hirem Land stationéiert hunn.

Zanter dem Brexit ass Frankräich dat eenzegt EU-Memberland dat Atomwaffen huet.