Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskrepanz tëscht dem Chômage an dem Personalmanktem

Beruffer "en forte penurie de main d’oeuvre"

Diskrepanz tëscht dem Chômage an dem Personalmanktem

D’Unzuel vu Leit, déi eng Aarbecht hei am Land sichen, wiisst. Gläichzäiteg ginn et 24 Beruffer, déi "en forte pénurie de main d’oeuvre" sinn. Dat schéngt op den éischte Bléck net ganz zesummen ze passen. Oder?

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow

24 Beruffer sinn "en forte penurie de main d’oeuvre". Dat sinn der scho 6 manner wéi nach zejoert. E gutt Zeechen? Net onbedéngt, wéi de Laurent Peusch erkläert. Hien ass Chef vum Service Employer bei der ADEM.

"Et ass elo net, datt do méi Leit eng Aarbecht fonnt hunn, mee d’Patronen hunn einfach manner gesicht. Doduerch sinn d’Plazen erofgaangen an doduerch sinn der elo manner op där Lëscht drop."

Notamment duerch d’Kris am Bausecteur géif a ville Beräicher, déi mat do drun hänken, manner rekrutéiert ginn. Doduerch huet d’ADEM manner Aarbechtsplazen, déi si kënnen offréieren. D’ADEM ass ofhängeg dovun, datt d’Patronen hinnen déi ausgeschriwwe Plazen deklaréieren. Mee dorun hale sech awer net all d’Patronen.

"Wuel wëssend, datt dat just eng 40 Prozent sinn an dofir ass et och wichteg, datt mir dem Patron soen: 'Deklaréiert all Plaz, well mir kënne just eppes maachen, wa mir wëssen, datt dir Leit sicht mat gewëssene Profiller, net wa mir eis et denke kënnen.'"

Lifelong learning

Dacks géif de Leit am Chômage just eng vun den néidege Kompetenze feelen an da wiere se prett, fir den Ufuerderunge vum Patron gerecht ze ginn, mengt de Laurent Peusch nach weider. Déi Ufuerderungen hätte sech nämlech am Laf vun der Zäit verännert. Dacks géif de Beruff zwar nach d’selwecht heeschen, mee et géifen aner Kompetenze verlaangt ginn.

"De Lifelong learning ass eppes, dat muss einfach bei de Leit an d’Käpp eran. Mir probéieren do dee Moment iwwer Formatiounen d’Leit rëm op de Marché ze kréien."

Et géif a béid Richtunge goen, esou nach de Laurent Peusch. Souwuel d’Salariéë wéi och d’Patrone misste kucken, wéi ee mat der Evolutioun, notamment vun der Technik, mathale kann.

Grad de Gesondheetssecteur ass e Beräich, dee sech permanent weiderentwéckelt, mengt d’Corinne Theis. Si ass souwuel an der Administratioun vun der COPAS - dem Daachverband vun den Entreprisen, déi sech ëm d’Versuergung vu Leit mat Behënnerung këmmeren - a si ass Direktesch vun de Ressources humaines bei Servior. Si kennt also d’Penurie aus dem Santésberäich gutt.

"Mir mierken, datt wat d’Recrutement ugeet vun all de Beruffer, mee mir schwätze lo vun de Santésberuffer, zënter der Pandemie wesentlech méi schwéier ginn ass."

Gutt Aarbechtskonditiounen als Pro-Argument

Och scho virun der Pandemie war de lëtzebuergesche Gesondheetsberäich op d’Salariéen aus der Groussregioun ugewisen. Mee déi wiere schonn all rekrutéiert, mengt d’Corinne Theis.

"Leit, déi deels vu ganz wäit hierkommen. Déi kommen dann zum Beispill aus Südfrankräich, an da stellt sech fir déi natierlech d’Fro: 'Ech wier intresséiert op Lëtzebuerg an de Secteur schaffen ze kommen, a bréngen ech direkt déi ganz Famill mat? Ech wéilt awer mol fir d'éischt probéieren, wéi d’Aarbechtskonditioune sinn.'"

An déi wieren, virun allem am Verglach zu den Nopeschlänner, gutt, mengt d’Corinne Theis. Am Alldag spieren d’Salariéeën awer, datt net genuch Personal do ass. Well wann ee krank wier, misst d'Aarbecht trotzdeem gemaach ginn. An och wann een dann u sech Fräizäit huet, gëtt een dann zeréckgeruff.

"An et ass dat, wat wierklech mécht, datt d’Schichteschaffen a virun allem eben ëmmer dat Zeréckruffen aus engem fräien Dag, dat ass wat als schwéier empfonnt gëtt."

Lobbyismus als Deel vun der Léisung?

Virun allem jonke Leit missten déi verschidde Beruffer schmackhaft gemaach ginn. Duerch Lobbyismus, mengt d’Corinne Theis.

"An et ass do, wou mir menger Meenung no méi mussen usetzen. Mir musse méi present si bei deene Jonken, fir déi eenzel Beruffer, déi et ginn, ze erklären. Och fir ze weisen, wat ass den Alldag vun enger Aide-soigante, enger Infirmière, enger Kiné."

Et misst awer och d’Méiglechkeet ginn, fir am Laf vun enger Karriär och bannent engem Secteur kënnen ze wiesselen. Dofir géifen am Secteur den Ament Gespréicher lafen, fir nach weider Diplomer am Gesondheetsberäich anzeféieren. D’Corinne Theis mengt och, datt d’Méiglechkeet vum Quereinsteiger wéi beim Léierpersonal, dem Gesondheetssecteur beim Personalmanktem hëllefe kéint.

40 Joer laang Dag fir Dag genee der selwechter Aarbecht nogoen, déi Zäite wieren eriwwer, mengt de Laurent Peusch vun der ADEM iwwerdeems nach. 

Lauschterenplay_arrow