Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Dag zu Venedeg kascht elo 5 Euro Entrée

Moossnam géint de Massentourismus

Een Dag zu Venedeg kascht elo 5 Euro Entrée

Touristen, déi Venedeg wëlle besichen, bezuele vun haut u 5 Euro. Déi lokal Autoritéiten hoffen, op déi Aart a Weis manner Leit unzezéien, déi just fir een Dag an d‘Stad kommen.

auto_stories

1 min

Venedeg | © Bigstock
Foto: Bigstock

Venedeg ass eng vun deene Stied, déi weltwäit am meeschte besicht gëtt. Grad am Summer erstéckt Venedeg reegelrecht an den Touristemassen. Et wier elo mol een Test, dee bis de 5. Mee leeft. Duerno gëtt all Weekend, bis an de Juli eran, och dee Präis gefrot. Um Enn vum Joer fält dann eng Decisioun, ob dee Präis dauerhaft opgehuewe gëtt, oder net.