Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräisproch no angeebleche Falschaussoen um Aarbechtsgeriicht

Urteel um Stater Geriicht

Fräisproch no angeebleche Falschaussoen um Aarbechtsgeriicht

Um Stater Geriicht gouf de Moien e Mann fräigesprach, dee wéinst Falschaussoen an enger Geriichtsaffär ugeklot war. De Beschëllegten hat virgehäit kritt, am Februar 2021 um Aarbechtsgeriicht falsch Aussoe gemaach ze hunn. Een Aarbechter war dowéinst entlooss ginn.

auto_stories

1 min

Dëst war eng Entloossung, déi d’Aarbechtsgeriicht awer als "abusive" erkläert hat. Den Aarbechter krut haut um Donneschden op Grond vum Fräisproch vum Ugekloten dann och kee Schuedenersatz zougesprach.