Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir d'European Disability Card

Europaparlament

Gréng Luucht fir d'European Disability Card

D’Europaparlament huet gréng Luucht gi fir eng europäesch Kaart fir Leit mat enger Behënnerung. Dee Pass gëllt an alle 27 Länner vun der Europäescher Unioun a soll dofir suergen, datt Leit mat enger Behënnerung iwwerall vun deenen nämmlechte Konditioune profitéiere kënnen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Disability Card | © European Parliament play_arrow
Illustratioun: European Parliament

Agefouert gëtt eng europäesch Kaart fir Leit mat Behënnerungen an eng extra europäesch Parkingkaart, déi Accès op speziell gekennzeechent Parkplaze gëtt. Béid Kaarte solle souwuel physesch ewéi och digital vun den nationalen Autoritéiten offréiert ginn.

D’Kaarten sinn nëmme fir kuerz Openthalter am europäeschen Ausland gülteg, mat der Ausnam vu Leit, déi fir bei engem Austauschprogramm wéi den Erasmus matmaachen.

Martine Kemp: Een éischte Schrëtt

Déi europäesch Kaart garantéiert déi nämmlecht Konditioune wéi beispillsweis reduzéiert Entréesbilljeeën oder Prioritéite beim Accès, ewéi fir Leit mat nationale Behënnerten-Permisen. Ee Recht op sozial Ënnerstëtzung oder op eng ugepasste Wunneng am EU-Ausland muss awer weider extra ugefrot ginn.

Et ass trotzdeem ee wichtegen éischte Schrëtt, seet d’CSV-Europadeputéiert Martine Kemp.

"Et betrëfft elo an engem éischte Schrëtt ganz vill den ëffentleche Verkéier, Muséeën a soss Fräizäitméiglechkeeten an aneren europäesche Länner. An awer musse mir iergendwou ufänken an een éischte Schrëtt goen, fir datt déi Leit, déi Beanträchtegungen hunn, fir datt déi et méi einfach kréien, och an aneren EU-Länner."

Tilly Metz: Eng verpasste Chance

Ee wichtege Schratt jo, mee och eng verpasste Chance, kritiséiert iwwerdeems d’Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene gréngen. Leit mat Behënnerung géifen doduerch nawell net déi nämmlecht Fräiheete kréien, déi aner EU-Bierger genéissen.

"D’Diskriminatioun bleift bestoen: Leit ouni Beanträchtegung kënne sech fräi an Europa beweegen. Leit mat enger Beanträchtegung kënnen dat net, well se déi sozial Ënnerstëtzung an engem aner Land net kréien, well se dann als éischt duerch déi ganz Prozedur musse goen. Dat hätt ee kéinten änneren."

D’Memberstaaten wollten net op dee Wee goen. Si mussen dësen Text nach formell unhuelen, éier en dann an de 27 Länner a Kraaft triede kann.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europa