Radioen

On air

De Weekend  |  Luca Courte

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Planning Familial: “D’Zuel vun den Ofdreiwunge geet däitlech erop”

Gesellschaft

Planning Familial: “D’Zuel vun den Ofdreiwunge geet däitlech erop”

Am Planning Familial ginn et haut däitlech méi Ofdreiwungen, wéi nach virun e puer Joer. Dee Constat mécht d'Presidentin Ainhoa Achutegui. Mee wat sinn d'Grënn fir dës Hausse?

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Ainhoa Achutegui | © Jo Diseviscourt play_arrow
D’Presidentin vum Planning Familial, d'Ainhoa Achutegui. (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Presidentin vum Planning Familial, d'Ainhoa Achutegui, seet, datt d'Zuel vun den Ofdreiwungen hei am Land erop geet. Dat net just liicht, mee esouguer däitlech. Et géife vill verschidde Grënn fir déi Hausse ginn. Een dovu wier, datt et méi Aarmut am Land gëtt, mengt d'Ainhoa Achutegui.

“D’Prekaritéit ass fir eis wierklech de spannende Punkt: Eleng 2023 hate mir zum Beispill 211 Persounen, déi keng Couverture Sociale haten.”

D’Ainhoa Achutegui bedauert och, datt net gewosst ass, wéi vill Ofdreiwungen insgesamt am Land gemaach ginn. De Planning Familial fuerdert, datt de Gesondheetsministère elo séier esou eng Statistik opstellt, fir datt kann analyséiert ginn, ob d’Ofdreiwungen allgemeng erop ginn, a wat genau d’Grënn dofir sinn.

Fraen hunn e Choix: Ee wichtege Message

Wat a Frankräich viru Kuerzem geschitt ass soll och zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn: De Planning Familial fuerdert nämlech, datt d’Recht op Ofdreiwung och hei am Land an d’Verfassung geschriwwe gëtt. Et wier gutt, wa Lëtzebuerg elo och op dee Wee géif goen, esou d’Presidentin vum Planning Familial.

D'Ainhoa Achutegui sot, datt fir Fraen, déi eng Schwangerschaft wëllen ofbriechen, sech zwar net direkt eppes géif änneren, wann d’Ofdreiwung an der Verfassung steet. An awer wier et wichteg, datt dat geschitt.

"Wa mir et an der Verfassung hunn, ass et och ee Message fir d'Gesellschaft. De Message: Fraen hunn ee Choix. Do weise mir eis als ee Land vum 'Pro-Choix'."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft