Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel: Demonstrante fuerderen de Récktrëtt vum Premier an d’Befreiung vun den Hamas-Geiselen

Noen Osten

Israel: Demonstrante fuerderen de Récktrëtt vum Premier an d’Befreiung vun den Hamas-Geiselen

An Israel hu gëschter Owend nees dausende Leit manifestéiert, si fuerderen een Accord tëscht Israel an der islamistescher Hamasbeweegung ëm d’Befreiung vun de Geiselen. D’Demonstranten hunn och de Récktrëtt vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gefuerdert.

auto_stories

1 min

D‘Hamas huet gëschter op een Neits ee Video public gemaach an deem een zwou Geisele gesäit. An deem Video fuerdere béid Männer, datt et zu engem Deal kënnt, deen d’Befreiung vun de Geisele virgesäit.

Ënnert wéi engen Ëmstänn déi Opnam zu stane koum an ob déi zwou Geiselen ënner Drock geschwat hunn war bis elo net kloer.

Israel plangt weider eng Buedemoffensiv zu Rafah

Israel hat rezent nach eng Géigepropos en vue vun enger Waffepaus virgeluecht. D’Zil vun Israel ass et nach ëmmer gewiescht fir eng Buedemoffensiv zu Rafah ze lancéieren, wou Honnertdausende Palestinenser geflücht sinn, well hir Wunnquartiere bombardéiert goufen.

D‘Hamas fuerdert eng permanent Wafferou, grad ewéi de Réckzoch vun all den israeeleschen Zaldoten aus der Gazasträif.

Israel erwaart sech eng Äntwert op hir Konterpropos bannent 48 Stonnen.

D'Hamas zitt Bilan vun den Doudesaffer

D‘Hamas huet de Samschdeg een neie Bilan publizéiert. Zënter der israeelescher Offensiv si 34.388 Mënsche gestuerwen. 77.400 goufen an der Gazasträif blesséiert. De Konflikt gouf ausgeléist nom Massaker vum 7. Oktober wéi 1.200 Mënsche vun der Hamas ëmbruecht goufen.