Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dana Gavanski - Let Them Row

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Klimapläng vun der brittescher Regierung verstousse géint Gesetz

Groussbritannien

Klimapläng vun der brittescher Regierung verstousse géint Gesetz

Dat iewescht Geriicht zu London huet elo deklaréiert, datt d‘Klimapläng vun der brittescher Regierung géint d'Gesetz verstoussen. D‘Geriicht huet domat deenen déi geklot hunn, also engem Grupp vun Ëmweltorganisatiounen, Recht ginn.

auto_stories

1 min

(Foto: Bigstock)

D'Ëmweltorganisatioune Friends of the Earth, Client Earth a Good Law Project waren der Meenung, datt sech déi konservativ Regierung vum Premier Rishi Sunak, ze vill op riskant Technologie, wéi der ënnerierdescher Späicherung vun CO2, géif verloossen. Iwwerdeems géif de Risiko vu verpasste Klimaziler bescheinegt ginn. 

Et ass schonn déi zweete Kéier, datt den High Court eng Klimamesure vun der Regierung esou astuuft. D'Geriicht hat am Summer 2022 entscheet, datt de viregte Plang (d‘Net Zero Strategy) hnet géif erklären, wéi d'Klimaziler sollten erreecht ginn. Doropshin gouf en néie Plang erstallt, mee och dee gouf vun de Klimaschützer kritiséiert an als eng réng "Wonschvirstellung" bezeechent.