Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landwirtschaft a Wäibau: D'Wieder war een Challenge

De Bilan vum Joer

Landwirtschaft a Wäibau: D'Wieder war een Challenge

De Marché war esou volatil wéi d’Wieder: béides sinn Horrorzenarie fir d’Baueren. 2023 war ee Joer mat sou munchen Héichten an Déifte fir d’Landwirtschaft an de Wäibau. De Jacques Ganser huet nogefrot, wéi ee Bilan d’Lëtzebuerger Baueren a Wënzer zéien.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Fir d’Bauere war et kee gutt Joer wat de Weess ugeet: Een dréchent Fréijoer, wou da ganz séier Reen nokoum. Op dee war eigentlech gewaart ginn. Datt en esou laang géing unhalen, war awer problematesch, erkläert de President vun der Bauerenzentral, Christian Wester.

"Ech mengen also et war am Fréijoer relativ dréchen. Also d‘Nidderschléi, déi mir haten, muss een einfach soen, datt déi dëst Joer quasi ëmmer fir d‘Kären zum falschen Zäitpunkt komm sinn. Ech mengen, bei der Recolte si grouss Deeler vum Land, déi eben duerch déi Nidderschléi am Summer ferm getraff gi sinn, wou dann eben notamment beim Qualitéitsweess duerch déi verzögert Recolte d‘Qualitéit vum Weess drënner gelidden huet."

Besonnesch am Norde vum Land huet d’Kärequalitéit dowéinst gelidden.

De ville Ree war gutt fir de Mais

Duerch d’Dréchent an duerno de ville Reen huet sech de Karschnatz dann och aussergewéinlech laang higezunn: D’Wantergeescht war schonn am Juni zeideg, aner Zorte konnten eréischt am fréie September erageholl ginn.

D’Mëllechbauere kucken dergéint op d'Fuddermëttel Grëngschnëtt a Mais. Den éischte Grasschnëtt war nach gutt, duerno ass awer net méi vill nokomm. Anescht gesäit et beim Mais aus.

"Dee Reen, dee schlecht war fir d‘Kären, war awer an dem Sënn gutt fir de Mais, well en ebe grad zu engem Zäitpunkt komm ass, wou de Mais ugefaangen huet Miel an de Kären anzelageren an dee Moment vill Waasser brauch. Dee Reen, dee fir de Karschnatz schlecht war, ass du fir de Mais grad zum richtege Moment komm."

Wäin: wuel besser wéi erwaart

Bei den Drauwe war ee wéinst der Hëtzt an Dréchent am Summer ganz zefridden iwwer d’Bléi, mee och do huet de Reen dunn en negativen Impakt gehat, sou de Paul Thill vum Institut viti-vinicole.

"An du koum dat e bësse manner gutt Wieder iwwer den August, wou de Reen néideg war, wou en och wëllkomm war. Wou et dunn awer leider net opgehalen huet an et huet riicht weider gereent bis an de September eran. Dat war dunn am Fong ze vill, sou datt mir laanscht déi ganz Musel an zorteniwwergräifend mat Fäulnisproblematiken ze dinn haten."

Wann ee sech kee ganz gutt Joer erwaart hat, sou iwwerrascht awer elo ëm sou méi d’Qualitéit an de Kelleren.

"Fir ofzeschléissen, Stand haut, nodeems ech och divers Kellere scho geschmaacht hunn, gesäit et awer duerch d‘Bank positiv aus. Wéi gesot, mir hate gemengt, Pinot Gris hätt et wierklech ganz schwéier gehat. Abee et muss ee soen, et si Wäiner haut an de Kelleren, si sinn natierlech net fäerdeg, mee déi riche gutt, déi schmaache gutt, déi hunn net déi gefaarte Fehltéin, déi mir eis hätte kéinten erwaarden, wou mir déi Drauwe gesinn hunn éier se an d‘Kellere komm sinn."

Wéinst der Fäulnis hunn d’Hierschtleit an der Lies allerdéngs strikt misse selektionéieren. De Volume läit dowéinst ëm 20 Prozent ënnert engem Duerchschnëttsjoer. 

Lauschterenplay_arrow   

Aktualitéit
Ernärung
Wirtschaft
Ëmwelt