Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger EU-Deputéiert net eens iwwer Agrarmesuren

NO BAUEREPROTESTER

Lëtzebuerger EU-Deputéiert net eens iwwer Agrarmesuren

D’Europaparlament huet sech mat grousser Majoritéit fir d’Labbere vun Ëmweltmesure fir Baueren ausgeschwat. Ënnert de Lëtzebuerger Europadeputéiert ginn d’Meenungen awer auseneen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Bréissel lauschtert op déi, déi mat hiren Trakteren op d’Strooss gefuer sinn, an hëlt hir Suergen eescht. Dat ass de Message, dee vun enger Majoritéit vun den Europadeputéiert un d’Bauere geschéckt gëtt. D’Parlament huet mat grousser Majoritéit d’Mesuren, déi d’Europäesch Kommissioun virun engem Mount proposéiert hat, adoptéiert.

Et handelt sech an éischter Linn ëm Labbere vun Ëmweltoploen. Dozou gehéiert d’Ophiewe vun enger Obligatioun fir verschidde Fläche brooch leien ze loossen oder awer eng bestëmmt Fruchtfolleg anzehalen.

EVP: “Erfolleg fir déi europäesch Landwirtschaft”

Als groussen Erfolleg fir déi europäesch Landwirtschaft huet gëschter d’Europäesch Vollekspartei d’Decisioun vum Parlament gefeiert. Et wier iwwerfälleg gewiescht, datt déi Ëmweltoploen ausgesat ginn, sou den Norbert Lins vun der bayrescher CDU an engem Communiqué. Seng Fraktioun hat sech besonnesch intensiv dofir agesat.

Och d’Martine Kemp, Europadeputéiert vun der CSV, an domat Member vun där Fraktioun, begréisst de Vott am Parlament.

"Ech mengen, et ass wichteg, datt mir d’Protester vun de Baueren eescht huelen. Datt mir hinne soen, datt mir kucken, wou d'Problemer sinn, wou et haakt am Moment, an datt mir dann do och reagéieren als EU-Parlament."

Kritik vun Tilly Metz a Marc Angel

Dat Ganzt gouf vill ze séier decidéiert, fënnt iwwerdeems d’Tilly Metz vun deene gréngen, déi hirersäits vun engem Kopplabunz no hanne schwätzen. Dat en vue vun den Ëmweltmesuren, déi lo als Sënnebock missten hierhalen.

“Déi puer Moossnamen, ob dat Fruchtfolge sinn, oder déi véier Prozent, déi een en jachure loosse soll, dat si jo minimal Moossnamen. Domat, déi auszesetzen, hëlleft ee weeder der Landwirtschaft, weeder der Natur, weeder de Baueren. 

D'Baueren hätten doduerch net méi Akommes an och net vun haut op muer vill manner administrativ Aarbecht, esou d'Tilly Metz. Fir déi gréng géing dat dofir un eng populistesch Moossnam grenzen, déi kengem zegutt géing kommen.

Och de Marc Angel, LSAP-Europadeputéierten, schwätzt vun “engem ekologesche Réckschrëtt” a vun enger “iwwerstierzter Propos, déi d’Nohaltegkeet vun eiser Landwirtschaft ënnergrueft”.

Charles Goerens: Mesuren hëllefen de Baueren “e bëssen”

D’Mesuren hëllefen de Baueren e bëssen a schueden dem Klima net. Dat ass d’Positioun vum DP-Europadeputéierte Charles Goerens.

Och hie fënnt awer, datt et besser gewiescht wier, virun den Ännerungen eng méi breet Debatt mat de Baueren ze féieren. 

"Déi Mesurë brénge vläicht e bësse manner bürokrateschen Opwand. Ech hätt awer gären, datt mir eng richteg profund Diskussioun kréien, wéi mir kënnen de Bauereberuff sou gestalten, datt en en accord ass mam Paräisser Accord iwwert de Klima, ouni datt do muttwëlleg vill Bürokratieopwand gemaach gëtt.

D'Ursula von der Leyen hätt hei relativ schnell reagéiert, esou de Charles Goerens. "Si hätt vläicht besser gehat virdrun, déi Politik, déi se op de Wee bruecht huet, ze iwwerdenken.", mengt den DP-Politiker. "Dann hätte mir eis dat do kënnen erspueren."

De Charles Goerens huet awer genee ewéi déi zwou CSV-Europadeputéiert Martine Kemp an Isabel Wiseler-Lima sou wéi och d’Monica Semedo fir déi proposéiert Mesure gestemmt. De Marc Angel an d’Tilly Metz hunn dogéint gestëmmt. De Vott an der Plenière e Mëttwoch Owend ass mat 425 Jo- géint 130 Neestëmmen an 33 Enthalungen zimmlech däitlech ausgefall.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Landwirtschaft