Radioen

On air

Concert  |  Dem Beethoven seng Néngt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Post vum Guy: Rajasthan

Reesberichter

Post vum Guy: Rajasthan

Zu Rajasthan, wéi och a véier aneren indesche Bundesstaten, si Walen a virun all Uertschaft, déi ech mat mengem Chauffeur Sanjay passéieren, si Militärkontrollen. Wéinst den illegale Spende fir de Walkampf, mengt de Sanjay. Do géife Wallisse voll Goss duerch d’Géigend kutschéiert ginn.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Ob do eppes drun ass, konnt ech net erausfannen, well soubal d’Zaldote mech am Won gesinn hunn, hu se eis duerchgewonk.

Wat ech selwer gesinn, ass, datt dem President Modi seng hindu-nationalistesch Partei, de BJP, offensichtlech méi Sue fir Reklamm ze maachen huet, wéi déi aner. Iwwerall Fändele mat enger Lotusblumm, safran-orange a gréng, de selwechte Faarwe wéi déi vum indesche Fändel. E wuel duerchduechten, psychologesche Schachzuch, deen drop spekuléiert, dat wien e BJP-Fändel gesäit „Indien“ denkt. An dem Modi seng Partei schéngt net nëmme mat dëser Strategie Erfolleg ze hunn.

„Hindue first“: Méi Kastesystem an Ënnerdréckung vu Minoritéiten

Och dem President seng demokratiefeindlech Rieden, seng Gesetzer, déi op „Hindue first“ baséieren an Tensioune mat der muslimescher Populatioun fërderen, komme bei villen Inder gutt un. Mee et gëtt natierlech och Kritik. Déi bekannten indesch Schrëftstellerin Arundathi Roy huet virun zwee Joer schonn e Buch mam Titel: „AZADI. Freedom, Fascism, Fiction“ publizéiert, an deem mam Märche vun der gréisster Demokratie vun der Welt opgeraumt gëtt, well de Modi erëm verstäerkt de Kastesystem aféiert a Minoritéite benodeelegt, wou et nëmme geet. Bei de Brahmanen, der ieweschter Kast, gëtt et d’Virstellung, datt verschidde Mënschen duerch gëttlech Fügung vun Natur aus deenen anere komplett iwwerleeë sinn an eng Härerass bilden. Déi Ënnescht an Ausgestoussen hunn domat weder Rescht op Bildung nach op soss eppes.

2019 huet d’Modi-Regierung kuerzerhand de Sonderstatut vun de Bundeslänner Jammu a Kaschmir opgehuewen a se der Verwaltung vun Delhi ënnerstallt. Dobäi wunnen do virun allem muslimesch Bierger, déi fir Eegestännegkeet kämpfen an och Pakistan beusprocht d‘Regioun. Konflikter si virprogramméiert a gewollt. Journalisten, déi driwwer schreiwen, gi verhaft a schikanéiert.

Eng Opium-Zeremonie als Begréissung

„Looss eis léiwer iwwer Diwali schwätze“, seet de Sanjay.

D’Liichterfest huet grad ugefaangen, an all Mënsch wëllt heem bei d’Famill. Och de Sanjay, deen all fräi Minutt mat senger Duechter per Handy kommunizéiert. Un de Fassade glënnere Luuchten, op de Kräizunge flamen elektresch Bieren an alle Faarwen, an soubal et däischter gëtt, knuppe Chinaböller. An un all Himmelseck späizt e Freedefeier iwwert d’Diech.

Just an den Dierfer mierkt een dovun net vill. Och iwwer d’Walen huet hei kee Loscht ze schwätzen. Dofir ginn ech an engem Bishnois-Duerf mat enger Opium-Zeremonie begréisst. Ech muss mech nieft en eeleren Här sëtzen, dee mer säi Schal em den Hals wéckelt a säin Turban opsetzt als Wäertschätzung. Da kréien ech eng Titche mat rengem, flëssegen Opium duergehalen, wou ech mäi Fanger dran zappen an oflecken. A mengem Mond verbreet sech e battere Geschmaach mat enger zaarter Nuance vu schwaarzem Schockela, deen ech déi nächst Stonnen net méi lass ginn, egal wat ech drénken oder iessen. Duerno gëtt gedrëchenten Opium a Waasser opgeléist an ech suckelen dräi Schluppen aus der Hand vum eeleren Här. D’Wierkung ass minimal. Spéider am Auto mierken ech, datt de Verkéierschaos op de Stroossen an de Stied mech net am Geréngsten opreegt. Dat ass alles.

An Indië gëtt et een anert Verhältnis zu Drogen

Op meng Fro, wou den Här un den Opium kënnt, äntwert hien, et géif Mënsche ginn, déi vun der Regierung eng Lizenz hunn, fir en unzebauen an dann d’Recolte fir medezinesch Zwecker verkafen. Hie selwer géif schonn zanter 60 Joer des Medezin konsuméieren an hätt dowéinst eng fantastesch Gesondheet. All Mënsch hei am Duerf géif Opium iessen an drénken, och d’Kanner. Dofir hätte si ni Problemer.

Iwwerhaapt schéngen an Indien d‘Drogen anescht bewäert ze gi wéi bei eis. Wärend zu Lëtzebuerg jo gär geschluppt gëtt an esouguer Cannabis nach bis viru kuerzem e Problem war, sinn ech vun engem Garçon entsat ugekuckt ginn, wéi ech zu Pushkar nieft engem hellege Séi no enger Fläsch Béier gefrot hat, wärend zéng Meter weider a puer Sadhue gedämpt hunn, datt esouguer d’Villercher iwwer hire Käpp Pirouette gedréint hunn.

Mee d’Dämpe wollt ech elo awer net och nach ufänken an hu mäi Curry mat engem Glas Waasser ënnerstëtzt.

Lauschterenplay_arrow