Radioen

On air

Kultur um 5  |  De WaterWalls Festival 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Slowakesche Premier muss nach eng Kéier operéiert ginn

Kriteschen Zoustand

Slowakesche Premier muss nach eng Kéier operéiert ginn

De slowakesche Premier Robert Fico muss nach eemol operéiert ginn. Hie wier nach ëmmer an engem kriteschen Zoustand, esou d‘Regierung.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk
Robert Fico (Foto: Archiv)

Nom Attentat op de slowakesche Premierminister Robert Fico, huet d‘Presidentin fir en Dënschdeg d‘Parteie fir Gespréicher aberuff. Si wéilt déi politesch Tensiounen ofbauen. Bei där Renconter wëllen d‘Staatscheffin an hire scho gewielte Successeur, Peter Pellegrini, deen de 15. Juni säin Amt untrëtt, geschlossen optrieden. 

De Robert Fico war virun zwee Deeg vun engem 71 Joer ale Mann ugeschoss a liewensgeféierlech blesséiert ginn.