Radioen

On air

Espresso Beats  |  Scone Cash Players - Brooklyn To Brooklin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuenesche Premier Pedro Sánchez denkt iwwer Récktrëtt no

Korruptiounsvirwërf géint seng Fra

Spuenesche Premier Pedro Sánchez denkt iwwer Récktrëtt no

A Spuenie wëllt de Premier Pedro Sánchez ee Méindeg matdeelen, ob hien op sengem Poste bleift oder net. Hien hätt fir e puer Deeg all seng ëffentlech Rendez-vousen ofgesot, fir doriwwer nozedenken, esou den 52 Joer ale sozialistesche Politiker op X. De Premier huet och geschriwwen, datt hie mat alle Mëttel vun de Rietsen a Rietsextreeme géif schikanéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: European Union

Vun “Deeg vun der Ongewëssheet a Spuenien” schreift déi spuenesch Zeitung “El País”. Dat am Kontext vun de Récktrëttsgedanke vum Premier. Rieds geet do och vun engem “vergëften ëffentleche Klima a Spuenien”.

Korruptiounsvirwërf géint d'Fra vum Premier

D’Organisatioun “Manos Limpias” (Propper Hänn) huet bei engem Geriicht zu Madrid eng Plainte géint dem Pedro Sánchez seng Fra gemaach, wéinst ënner anerem Korruptioun. De private Grupp - dee sech fir rietsgeriichten Uleies asetzt - geheit hir vir, hir Positioun genotzt ze hu fir Geschäfter ze maachen. D’Fra vum spuenesche Regierungschef ass Marketingspezialistin, a si huet ënner anerem fir Banke geschafft.

Ass alles jsut eng Show?

Hie misst nodenken a sech d’Fro beäntwerten, ob et sech lount, weider un der Spëtzt vun der Regierung ze stoen, oder ob hie soll zerécktrieden, esou de spuenesche Premier gëschter Owend a sengem “Bréif un d’Ëffentlechkeet”.

Déi konservativ Vollekspartei huet kritiséiert, datt de Sánchez eng Show géif ofzéien: Hie wéilt ëm all Präis un der Muecht bleiwen.

De Pedro Sánchez ass zënter 2018 Regierungschef.

Carta a la ciudadanía. pic.twitter.com/c2nFxTXQTK

— Pedro Sánchez (@sanchezcastejon) April 24, 2024

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International