Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNO-Resolutioun géint d'Wettrëschten am Weltall scheitert u russeschem Veto

Eng Propos vun den USA a Japan

UNO-Resolutioun géint d'Wettrëschten am Weltall scheitert u russeschem Veto

Fir ee Wettrëschten am Weltall ze verhënnere sollt am UN-Sécherheetsrot eng deementspriechend Resolutioun gestëmmt ginn. Dozou ass et awer net komm: Russland war dogéint.

auto_stories

1 min

Russland UN-Sécherheetsrot | © UN-News / X
Foto: UN-News / X

Eng Resolutioun iwwer ee Wettrëschten am Weltall ass hënt zu New York am Weltsécherheetsrot um Veto vu Russland gescheitert. Den Text, dee vun den USA a Japan agereecht gi war, krut 13 vu 15 Stemmen. China huet sech enthalen.

An deem Text ass et den Appell un all Staaten, fir eng friddlech Notzung vum Weltraum ze suergen, an alles ze ënnerloossen, wat zu engem Wettrëschte kéint féieren. Den Text war d‘Reaktioun op Informatiounen aus amerikanesche Regierungskreesser vum Februar. Deemno hätt Moskau Pläng, fir Atomwaffen am Weltall ze installéieren.