Radioen

On air

Grousse Kino  |  Cannes Spezial

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zéng Bicher vu Jonke fir Kanner a 24 Stonnen

Bookathon

Zéng Bicher vu Jonke fir Kanner a 24 Stonnen

Virliese stäerkt d'Bezéiung tëschent Erwuessenen a Kanner an huet positiv Auswierkungen op d'Sproochentwécklung. Um éischte Bookathon hunn 30 jonk, kreativ Leit zéng Kannerbicher bannent kuerzer Zäit gestalt. Si goufen dobäi vun engem professionellen Team begleet.

auto_stories

2 min

headphones

25 min

play_arrow
D'Dr. Simone Mortini ass Educatiounswëssenschaftlerin an huet de Bookathon initiéiert. (Foto: Morgane Weidig)

D'Dr. Simone Mortini vum SNJ huet de Projet initiéiert, si erzielt, datt et bis zum Schluss spannend war, ob d'Geschichte fäerdeg ginn oder net. Schlussendlech sinn zéng Bicher um Bookathon zustane komm.

En Interaktive Projet

Geschriwwe goufe se vu Jonken tëschent 14 a 27 Joer. Dës deelweis grouss Altersdifferenz wier awer kee Problem gewiescht erkläert d'Simone Mortini. Am Géigendeel hätt jidderee profitéiert vun eneen ze léieren.

Opgedeelt an dräi Gruppen hunn déi Jonk dann entweeder d'Texter geschriwwen, d'Illustratiounen designt oder de Cover vun de Bicher kreéiert. Do virdru konnte si hir Iddie presentéieren, fir ze kucken, wéi eng am beschte beienee passen. 

Kreativitéit net aschränken

E konkrete Sujet gouf net am Virfeld festgeluecht, betount d'Simone Mortini vum SNJ: et wollt een déi Jonk an hirer Kreativitéit net aschränken. Dee gréissten Challenge wier dee gewiescht, datt d'Bicher fir ganz kleng Kanner tëschent null a véier Joer waren.

Do dee richtegen Toun ze treffen, souwuel am Text wéi och an den Illustratiounen, wier net sou einfach. Dofir waren och Experten do, fir déi Jonk dobäi ze begleeden.

Den Ament ginn d'Bicher nach fäerdeg gestallt erkläert d'Simone Mortini. Soubal alles prett wier, géifen se geprint ginn a fir d'éischt fir Crèchen an Dageselteren zur Verfügung gestallt. Se sollen awer och Online gratis erofzeluede sinn a spéider als Audio opgeholl ginn.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Edukatioun
Interview