Klassik Album vun der Woch
Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album
8 min
Eng gutt Kaffismaschinn suergt fir eng gutt Opnam
Déi däitsch-iresch Cellistin Nuala McKenna an den amerikanesche Pianist Robert Kulek hunn dësen neien Album an Holland opgeholl. An enger Kierch zu Schiedam, ronn eng Stonn ewech vun Amsterdam. Bannen an där Kierch ass bal alles aus Holz, an e Steinway Fligel steet och do. De Bonus ass eng gutt Kaffismaschinn, déi fir d’Nuala McKenna vill zu dëser Opnam bäigedroen huet.
Kammermusek aus dem 20. Joerhonnert
De Bohuslav Martinu huet seng éischt Cello Sonat an enger schwéierer Zäit komponéiert. Et war 1939, kuerz éier deen Zweete Weltkrich ugaangen ass. De Martinu hat och nach zousätzlech zu där Zäit eng Affär, an dat obwuel hie bestuet war. Dem Franis Poulenc an dem Paul Hindemith hir Musek fir Cello a Piano klengt manner donkel. Dem Poulenc seng Sonat verbreet en Hauch vu Jazz, an dem Paul Hindemith stécht virun allem voller Freed.
Ganz spilleresch Wierker
D’Nuala McKenna an de Robert Kulek spillen d’Musek voller Kraaft a Spillfreed. An och vill vun der Musek selwer huet eppes Spilleresches u sech. De Poulenc hat net nëmmen eng grouss Passioun fir d’Musek an d’Poesie, mee hien ass och gären an den Zirkus gaangen. Den Hindemith huet net nëmme Braatsch gespillt, mee gäre gespillt huet hien och mat senger Modelleisebunn. 300 Meter laang war déi, a ganz Nuechte laang huet hien sech domat mat Museksfrënn beschäftegt.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
D'Braatsch am Mëttelpunkt
De Braatschist Mathis Rochat presentéiert säin Instrument an dräi verschiddene Wierker: engem Arrangement, engem Concerto an an engem Concertante zesumme mat enger Solo-Gei.
authentique
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Mozart, You Drive Me Crazy!
D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
Suitte vum Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
Entdeckungen
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
Eklektesch, an awer vereent
Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
E Prënz op der Gei
Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
De valenzianesche Mozart
De neien Album vun de Moonwinds Simfónic ënner der Leedung vum Joan Enric Lluna
Eng gelongen Transparenz
De Markus Poschner dirigéiert den Orchestra della Svizzera italiana mat der fënnefter a sechster Sinfonie vum Tschaikowski.
Bruckner 2
Et ass déi lescht Fassung vum Bruckner senger zweeter Sinfonie, déi de Gerd Schaller mat sengem Orchester Philharmonie Festiva opgeholl huet.
The Silk Road
Vu Venedeg bis a China mat véier verschiddene Komponisten. Op dës Rees hëllt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.
Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album
Nei Opnam vun der Cellistin Nuala McKenna mam Pianist Robert Kulek mat Musek aus dem 20. Joerhonnert
Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki
Hänssler classic huet en Disk mat ausschliisslech Musek vun der Grete von Zieritz erausbruecht. Et ass réischt den zweeten Disk, nëmme mat Musek vun der éisträichesch-däitscher Komponistin.
Mam Cello dat ausdrécken, woufir et keng Wierder ginn
Den Cellist Pieter Wispelwey verschafft seng Trauer mat engem neien Album mat Wierker vu Bach, Kodály a Britten.
- 1
- 2