Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Galactic Romance Feat. Yu-Ching Huang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 47 Prozent vun alle Salariéen zu Lëtzebuerg si Frontalieren

Zuelen zum Theema Aarbecht

47 Prozent vun alle Salariéen zu Lëtzebuerg si Frontalieren

Am Virfeld vum Dag vun der Aarbecht, deen den 1. Mee ass, huet de STATEC e puer Statistiken an Zuelen zum Theema verëffentlecht. Virun allem d'Opdeelung bei de Geschlechter wat d'Deelzäitaarbecht ugeet fält iwwerraschend däitlech aus.

auto_stories

1 min

Foto: Charlie Harris / Unsplash

47 Prozent vun de ronn 485.000 Salariéen hei am Land si Frontalieren. D‘Hallschent dovu kommen aus Frankräich. 

Nëmmen all véierte Salariée huet déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Déi Zuele publizéiert de STATEC am Kader vum Dag vun der Arabescht, deen iwwermuer um 1. Mee ass.

Wat d‘Awunner ubelaangt, do schaffen 31 Prozent vun de Fraen an Deelzäit, wärend et nëmme 7 Prozent bei de Männer sinn. 8 Prozent vun allen Aarbechtskontrakter hei am Land sinn CDDen, vun deene virun allem déi Jonk betraff sinn. Och vun Zäitaarbecht si virun allem jonk Salariéen hei am Land betraff, sou nach de STATEC.