Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Bulgarien konnt keng nei Regierung fonnt ginn

Neiwalen a Bulgarien

A Bulgarien konnt keng nei Regierung fonnt ginn

A Bulgarien kënnege sech Neiwalen un. D‘Sich no enger neier Regierung ass ouni Succès op en Enn gaangen. Haut ass och den 3. Versuch gescheitert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati
Foto: picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati

Déi zwee Koalitiounspartner, zwou prowestlech Parteien, si sech net eens ginn. Elo muss de bulgaresche President Rumen Radew en Interimsregierungschef nominéieren, deen d‘Neiwale virbereede soll.

Et wieren déi 6. Parlamentswalen an 3 Joer. Als méiglechen Datum fir Neiwale gëllt den 9. Juni, den Dag vun den Europawalen.

Dës politesch Instabilitéit kéint a Bulgarien d‘Aféierung vum Euro, déi fir den 1. Januar 2025 virgesinn ass, elo a Gefor bréngen.

Bulgarien soll och schonn den 31. Mäerz dem Schengen-Raum bäitrieden.