Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär rondrëm Crypto4Winners: Wéi eng Méiglechkeete gëtt et fir d‘Affer?

Arnaque ronderëm Kryptowärung

Affär rondrëm Crypto4Winners: Wéi eng Méiglechkeete gëtt et fir d‘Affer?

Crypto4Winners proposéiert, Investissementer a Kryptowärungen ze geréieren a mécht Reklamm domat, extra héich Renditten ze erméiglechen. Kléngt gutt, hu sech vill Leit gesot a sinn op hire Sue setze bliwwen.

auto_stories

2 min

headphones

22 min

Andreas Komninos | © Chris Zeien play_arrow
Foto: Chris Zeien

De Schued vun där Affär geet a Milliardenhéicht. De Parquet huet eng Enquête géint d‘Plattform Crypto4Winners opgemaach, well: Villes deit drop hin, datt dee raffinéierte System, deen do opgebaut gouf, op d‘mannst zum Deel vu Lëtzebuerg aus gesteiert gouf.

Och Lëtzebuerger ënnert den Affer

Virun allem jonk Leit, aus der ganzer Welt hunn déi Plattform benotzt. Tëschent 1.500 a 4.000 Konte soll Crypto4Winners gehat hunn. Och Leit vu Lëtzebuerg sinn Affer vun där Arnaque ginn.

Den Andreas Komninos vertrëtt eng Rei vun deene Leit viru geriicht. D‘Etude bei där hien Affekot ass, vertrëtt mëttlerweil 200 Clienten an där Saach.

Interessanterweis konnt d‘Plattform am Ufank hiert Versprieche vun den héije Renditten nach anhalen. Bis ee vun den Drotzéier an een Autosaccident verwéckelt war. Dat huet den Andreas Komninos bei senge Recherchen an der Affär rausfonnt.

Ob d'Leit hir Suen zeréck kréien ass onsécher

Elo heescht et, sou gutt et geet déi verluere Fonge vun de Clienten erëmzefannen. Ganz einfach wäert dat awer net ginn, bedauert den Affekot. An der Plattform selwer géifen net méi vill Fonge stiechen.

Ob déi betraffe Leit hir Suen zeréck kréien ass also méi wéi onsécher. Mee den Affekot a seng Etude géifen alles dru setzen, datt hir Clienten indemniséiert ginn.

 

Lauschterenplay_arrow


 

Politik a Gesellschaft
Interview