Radioen

On air

Notturno  |  Maston With L'Éclair - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Frieden wëllt méi enk wirtschaftlech Bezéiunge mat der tschechescher Republik

Am Kader vun der Staatsvisitt

De Luc Frieden wëllt méi enk wirtschaftlech Bezéiunge mat der tschechescher Republik

Lëtzebuerg wëllt seng bilateral wirtschaftlech Bezéiung zur tschechescher Republik verdéiwen. Dat war d’Annonce haut vum Premier Luc Frieden op der Pressekonferenz wärend der Staatsvisitt vum Tscheche President Petr Pavel.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

	© SIP / Jean-Christophe Verhaegen | © 	© SIP / Jean-Christophe Verhaegen play_arrow
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Wärend der Staatsvisitt hätt een nach emol gemierkt, datt Lëtzebuerg an Tschechien déi selwecht Wäerter deelen, esou de Premier Luc Frieden. Iwwer wirtschaftlech bilateral Bezéiunge wëllt ee béid EU-Member-Länner méi no unenee bréngen. Et hätt ee scho staark ekonomesch Verbindungen, mee et wéilt een nach méi maachen, esou de Luc Frieden. Dofir wier hie frou doriwwer, datt eng Business Delegatioun op Lëtzebuerg komm wier, fir déi Lëtzebuergesch Entreprisë kennen ze léieren.

„ … well ech gleewe staark drun, dass, wa mer ee kompetitiivt Europa hunn, wann eis Entreprisen zesumme schaffen, da schafe se gutt Aarbechtsplazen, an dat féiert zu Räichtum, a Räichtum féiert zu Fridden.“

Luc Frieden: D'Ukrain besser ënnerstëtzen

Virun allem an de Beräicher Cyber-Sécherheet, IT a Weltraumfuerschung wéilt Tschechie sech vu Lëtzebuerg inspiréiere loossen, esou den Tscheche President Petr Pavel. Fir Fridden an der EU ze garantéieren, misst d’Ukrain weiderhin am Krich géint Russland ënnerstëtzt ginn. D‘Ënnerstëtzung misst méi séier a méi effizient ginn an et misst een der Ukrain zur Zäit liwweren, wat se brauch.

„Ech mengen, dass mir dat schon duerch Munitioun an Artillerie maachen, mee mir mussen eis an Zukunft vläicht op weider Equipment fokusséieren."

Esou nach de Petr Pavel. De Premier Luc Frieden huet iwwerdeems betount, et géif ee sech elo op déi doten Ënnerstëtzung konzentréieren – aner Optiounen, wéi beispillsweis Zaldoten dohi schécken, wiere momentan nach net um Dësch.

Lauschterenplay_arrow