Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - Skinny Dipper

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Rezent Ëmfro ënnersträicht de Succès vum Homeoffice

Aarbecht

Frankräich: Rezent Ëmfro ënnersträicht de Succès vum Homeoffice

A Frankräich huet de reegelméissegen Teletravail grousse Succès. Enger rezenter Ëmfro no kënne sech besonnesch Kaderleit net méi virstellen, den Homeoffice opzeginn. Ee vun zwee Gefroten huet erkläert, hie géif demissionéieren, wann hien op den Teletravail misst verzichten.

auto_stories

1 min

A Frankräich schaffen zwee Drëttel vun de Kaderen op d'mannst een Dag pro Woch am Teletravail, e Véirel dervunner souguer zwee Deeg an der Woch. De Choix vun engem neie Patron géif der Ëmfro no wesentlech dervunner ofhänken, ob deen Homeoffice ubitt oder net.