Radioen

On air

Notturno  |  The Velvet Underground & Nico - Sunday Morning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi klimafrëndlech ass den Elektroauto wierklech?

Mobilitéit

Wéi klimafrëndlech ass den Elektroauto wierklech?

Eng Rei Leit sinn Elektroautoe géigeniwwer nach skeptesch agestallt, Eenzelner begrënnen dat domat, datt déi Motorisatioun a punkto CO2-Emissiounen iwwerhaapt kee Fortschrëtt géif brénge par rapport zum Bensinner. Déi Behaaptung géif net stëmmen, seet den Thomas Gibon vum Luxembourg Institute of Science and Technology.

auto_stories

4 min

headphones

19 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack

Den Thomas Gibon interesséiert sech scho méi laang fir de Carbon footprint vun Elektroautoen, also fir d'CO2-Emissiounen, fir déi se wärend hirem ganze Liewenszyklus responsabel sinn.

D'Produktioun vum Elektroauto verursaacht méi CO2, mee...

Generell géif d'Produktioun vun engem Elektroauto méi Zäregaser verursaachen, wéi déi vun engem thermeschen Auto. D'Produktioun vun enger Batterie géif och vill Zäregaser fräisetzen, zum Beispill tëscht 50 an 150 Kilogramm CO2 pro Kilowattstonn Capacitéit vun enger Batterie, sou de Fuerscher. Mee och do ginn et eng Rei Variabelen déi eng Roll spillen, wéi zum Beispill déi chemesch Zesummesetzung oder d'Hierkonftsland vun der Batterie.

A wéi engem Land ee mat engem elektreschen Auto fiert spillt och eng Roll. Lued ee säin Elektroauto zum Beispill a Polen, wou vill Stroum nach a Kuelekraaftwierker generéiert gëtt, fällt d‘Klimabilanz vum Auto méi schlecht aus, wéi wann een zu Lëtzbebuerg géif lueden.

… dat kompenséiert sech iwwer d‘Liewensdauer

De Fuerscher betount awer, datt den CO2, dee bei der Produktioun vun enger Batterie ufält, iwwer hir Liewensdauer kompenséiert gëtt. Bei 30.000 bis 60.000 Kilometer Lafleeschtung zitt den Elektroauto da gläich mam thermeschen Auto, wat d'Zäregasemissiounen ugeet. Ëmmer de Fall gesat, et kuckt een d'Produktioun an de Verbrauch vu fossille Brennstoffer, genee wéi den Entretien vum Auto an aner Facteuren, mat.

Just an absolutten Ausnamefäll hätt den thermeschen Auto eng besser Klimabilanz wéi den Elektroauto, seet den Thomas Gibon.

Wat de Präis ugeet: No ongeféier véier bis fënnef Joer kéint sech dem LIST-Fuerscher no een elektreschen Auto och finanziell rentéieren, par rapport zu engem Verbrenner. Dat géif awer vu weidere Facteuren ofhänken, wéi der Entwécklung vun den Energiepräisser an eventuelle Subventiounen zum Beispill.

Den Thomas Gibon ass Fuerscher beim LIST. | © Chris Zeien
Den Thomas Gibon ass Fuerscher beim LIST. (Foto: Chris Zeien)

Climobil-App: Wéi ass d‘Klimabilanz vu mengem Auto?

Fir de Verglach selwer ze zéien, huet den Thomas Gibon d'Applikatioun Climobil entwéckelt, mat där een d'Klimabilanz fir quasi all Modell kann ausrechnen a se mat där vu Verbrenner ka vergläichen.

Ronn 40.000 Autoe sinn am System dran, d'Date kommen aus wëssenschaftlecher Literatur an zu engem Deel och vun den Autosconstructeure selwer.

An Zukunft sollen och weider nei Modeller an d'Applikatioun integréiert ginn. Et sinn och weider Funktioune geplangt: Esou solle Firmen an Zukunft zum Beispill d'Käschten an d'Zäregasemissioune vun hirer Autosflott kënne géigeniwwerstellen, fir dann ze decidéieren, ob sech Neiuschafunge géife rentéieren.

Den Auto: Eng ganz perséinlech Fro

Datt verschidde Leit eng reegelrecht Aversioun zum Elektroauto hunn, wier dem Thomas Gibon no an éischter Linn eng Generatiounsfro. De Choix vum Auto wier fir vill Leit och eng ganz perséinlech Fro un där verschiddener och een Deel vun hirem soziale Status géife festmaachen.



Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Wëssenschaft
Ëmwelt