Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Ukrainer feelt et net u Courage, mee u Munitioun"

Interview mam Chef vum NATO-Militärcomité

"Den Ukrainer feelt et net u Courage, mee u Munitioun"

Um Méindeg war de Chef vum NATO-Militärcomité, den hollänneschen Admirol Rob Bauer, op Besuch hei am Land. Den 61 Joer ale Gaascht hat dobäi Entrevuë mat Regierungsvertrieder, dorënner de Premier Luc Frieden, a mat Deputéierten.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Rob Bauer / X

Vun 2017 bis 2021 stoung den Admirol Bauer un der Spëtzt vun der hollännescher Arméi, éier hie Mëtt 2021 de Spëtzeposte bei der Nordatlantescher Allianz krut. Bei de Gespréicher vu gëschter goung et virop ëm den Ukrain-Krich an d’lëtzebuergesch Militärdepensë fir d’NATO.

D'Gesellschaft als Deel vun der Léisung

Et hätt een éierlech Gespréicher gehat, sot den Admirol Bauer. D’Lëtzebuerger Politik geséich d’Noutwendegkeet, datt d’Changementer, déi mir erliewen, méi Suen erfuerderen. Do gëtt et jo virun allem d’Diskussioun, fir 2 Prozent vum nationale PIB an d’Verdeedegung ze stiechen. Et géif awer och ëm d’Kapazitéit vun der Industrie goen, fir méi Material ze produzéieren, an dorëms, genuch Zaldoten ze hunn.

“Mir all wëlle méi Sécherheet, also si mir all, d’Gesellschaft als e Ganzt, och en Deel vun der Léisung.”

Lëtzebuerg géif un den Ziler vu virun e puer Joer schaffen, mee et géif een elo scho gesinn, datt all d’Länner méi maache missten.

Loftverdeedegung ass den A an O

Wat den Ukrain-Krich ugeet, loossen d’USA dem Land jo eng zousätzlech Militärhëllef vu knapp 61 Milliarden US-Dollar zoukommen. Mee de Retard vun der US-Hëllef hat Konsequenzen um Schluechtfeld, well d’Kämpf gounge virun, mee et gouf keng Decisioun geholl.

"Wann et bei engem vun deenen Elementer e Retard gëtt, dann huet dat enorm Auswierkungen. Well den Ukrainer feelt et net u Courage, mee u Munitioun.”

D’Ukrainer missten d’Initiativ nees ergräifen an hiren Territoire zeréckgewannen, betount de Chef vum NATO-Militärcomité. D’Ukrain bräicht virun allem méi Loftverdeedegung. 

2007 hätt ee scho misse Saachen hannerfroen

Déi russesch Intentioune wieren iwwerdeems no der berüümter Ried am Joer 2007 vum Wladimir Putin op der Münchner Sécherheetskonferenz kloer gewiescht.

"Hir Invasioun a Georgien, dunn d’Annexioun vun der Krim an um Enn de Krich an der Ukrain am Joer 2022. Also, ech denken, wa mir soen, datt mir net wossten, datt dat géif kommen, ass warscheinlech net wouer.”

“Mir hu geduecht, wann et wirtschaftlech Relatiounen tëscht Länner gëtt, da gëtt et kee Krich méi. Dat huet sech als falsch erwisen”, sou de Fazit vum Admirol Bauer, fir dee mir eis Vue dorop mussen änneren, wéi mir eis selwer verdeedegen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Krich an der Ukrain
Politik