Radioen

On air

Trendscheif  |  Chris Cohen - Damage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sanktioune géint Iran an Israel: "Näischt ass ausgeschloss"

EU-Aussen- a Verdeedegungsministeren

Sanktioune géint Iran an Israel: "Näischt ass ausgeschloss"

Wat Sanktioune géint den Iran an Israel ugeet, kéint een näischt ausschléissen. Dat sot eis den Ausseminister Xavier Bettel nom Treffe gëschter vun den EU-Aussen- a Verdeedegungsministeren. Ausserdeem ass eng eventuell Friddenskonferenz fir d'Ukrain geplangt.

auto_stories

1 min

De Xavier Bettel gëschter zu Lëtzebuerg. (Foto: European Union)

Et wier wichteg, d‘Ukrain weider ze ënnerstëtzen. Dofir soll an der Schwäiz eng Friddensreunioun organiséiert ginn. An den Ae vum Xavier Bettel dierften op enger eventueller Friddenskonferenz awer net nëmmen déi 27 europäesch Staats- a Regierungscheffen derbäi sinn, mee och Vertrieder aus Afrika, Südamerika an Asien.

Theema de Méindeg war awer och d‘Situatioun am Noen Osten: Op deem Niveau gouf iwwer méiglech Sanktioune geschwat, och géintiwwer Israel. An hei wier näischt ausgeschloss, esou den Ausseminister.

"Wat sécher ass, ass datt alles wat Munitioun ass an Dronefabrikatioun vun iranescher Säit, dat soll ënner Sanktioune falen." 

De Service juridique vum Conseil hätt den Optrag kritt, fir weider Pisten auszeschaffen, eben och wat méiglech Sanktioune géint Israel ubelaangt.

Aktualitéit
Europa
Krich an der Ukrain
Noen Osten
Politik