Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Nubiyan Twist & Seun Kuti - Carry Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ MouvEco: “Mir kréien d’Klimakris net just mat Subside geléist”

Klimakris am Walkampf

MouvEco: “Mir kréien d’Klimakris net just mat Subside geléist”

De Mouvement Ecologique vermësst an deene meeschte Walprogrammer e kloert Bekenntnis zu enger méi konsequenter Klimaschutz-Politik. D’MouvEco-Presidentin Blanche Weber sot hei op der Antenn, wann een am Klimaschutz wéilt viru kommen, da géif déi nei Regierung net derlaanscht kommen a verschiddene Beräicher méi streng Reegelen anzeféieren.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Parteien, déi behaapten et kéint een d’Klimakris just doduerch léisen, datt ee méi staatlech Subside verdeelt, géifen de Leit eppes virgaukelen, fënnt d’Blanche Weber.

"Mir hu verschiddener, déi mengen, d’Kris géif duerch Subside geléist ginn. Nom Motto: Et bléift beim Alen, a wa mer genuch Subside ginn, da kréie mer Solaranlagen an domat ass de Problem geléist."

Den Challenge vun der Politik wier fir d’Blanche Weber den, de Leit mat Begeeschterung ze vermëttelen, datt fundamental Changementer musse gemaach ginn, déi och mat Virdeeler verbonne wieren.

Keng Koherenz vun de Parteien

A Saache Klimaschutz-Politik wieren déi meescht Parteien net koherent, bedauert d’MouvEco Presidentin.

“Et kann een net soen, mir wëllen den ëffentlechen Transport ausbauen, a mir wëllen och weider Stroosse bauen. D’Buedemversigelung ass en anert Beispill: Mir mussen déi andämmen, schonn nëmmen aus Biodiversitéits-Siicht. An awer och fir d’Iwwerhëtzung vun eise Stied unzegoen.”

Verschidde Parteie géifen deem och zoustëmmen, wieren trotzdeem net dofir dat och ze reegelen, bedauert d'Blanche Weber. 

Aktualitéit
Chamberwalen 2023
Interview
Noriichten
Ëmwelt