Radioen

On air

De Moien  |  Raftside - DNCNG

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ettelbréck: LSAP-Buergermeeschter hält um Heescheverbuet fest

Ettelbréck

Ettelbréck: LSAP-Buergermeeschter hält um Heescheverbuet fest

Zu Ettelbréck soll keen Drogekonsumraum opmaachen. Dat seet de Buergermeeschter Bob Steichen. Déi Struktur géif net a sou eng kleng Stad passen. Och um Heescheverbuet wëll den LSAP-Buergermeeschter festhalen.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

Bob Steichen, Buergermeeschter vun Ettelbréck  | © Morgane Weidig play_arrow
Bob Steichen, Buergermeeschter vun Ettelbréck (Foto: Morgane Weidig)

Den Ettelbrécker Buergermeeschter ass géint en Drogekonsumraum a senger Gemeng. Esou eng Struktur kéint dozou bäidroen, datt nach méi Drogekranker op Ettelbréck komme wéi am Moment schonn. Hie mengt, domat géif een och den Drogenhandel weider unzéien.

Bei enger klenger Stad wéi Ettelbréck misst een och bedenke wéien Afloss sou eng Struktur op d‘Gestaltung vum urbane Raum huet.

Keng Urgence fir d‘Heescheverbuet ze sträichen

De Bob Steichen wëll och weider um Heescheverbuet a senger Gemeng festhalen. Hie gesäit keng Urgence fir d’Heescheverbuet ze sträichen. Dat obwuel seng Parteikolleegen an der Chamber d’Heescheverbuet an der Stad an de leschte Méint staark kritiséiert hunn.

“Ech kucken do no menger Gemeng,” betount de Bob Steichen.

„Mir waarde léiwer op eng national Léisung“

D’Heescheverbuet géif him d’Méiglechkeet loosse fir ze reagéieren, wann duerch déi méi streng Reegelen an der Stad elo vill Heescherten op Ettelbréck géife kommen.

“Ech gesinn elo fir eis net direkt d’Urgence fir ze soen: ‚Da musse mir et och elo direkt bei eis änneren‘. Mir waarden da léiwer op eng national Léisung.“

Mat senger Parteikolleegin Taina Bofferding hätt hien iwwerdeems an de leschte Méint net iwwer d’Thema geschwat. Déi fréier Inneministesch ass eng vun de schäerfste Kritikerinne vum Heescheverbuet an der Stad.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview