Radioen

On air

Popfilter  |  The Fat White Family - What's That You Say

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feelt et u politesche Visioune fir de Logistiksecteur?

Cluster for logistics

Feelt et u politesche Visioune fir de Logistiksecteur?

De Logistiksecteur vermësst am Moment eng politesch Visioun, wéi staark an a wéi eng Richtung ee sech weider entwéckele soll. Dat sot den neien Direkter vum Cluster for Logistics, Daniel Kohl, am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

play_arrow
Den Daniel Kohl ass neien Direkter vum Cluster for Logistics. (Foto: Jo Diseviscourt)

Fakt wier, datt am Logistik-Hub zu Beetebuerg keng Plaz fir weider grouss Hale méi ass, an datt et och an der Industriezon zu Konter, deem anere wichtege Logistik-Site zu Lëtzebuerg, ufänke géif, enk ze ginn.

Dofir misst Lëtzebuerg sech eng Strategie ginn, fir datt d’Entreprisë Planungssécherheet kréichen, sou den Daniel Kohl. 

Dat selwecht géif och gëlle fir se bei der Transitioun vun Diesel- op déi dräi bis véier Mol méi deier Stroum- a Waasserstoff-gedriwwe Camionen ze begleeden.

"Et ass extrem wichteg, datt de Staat higeet a seet, wat mir op laang Siicht erreeche wëllen, fir datt d’Transporteuren eng Planungssécherheet hunn. Wéi vill Subsid kënne se kréien? An Däitschland geet et bis 80 Prozent, hei si mir bei engem Maximum vun 300.000 Euro: domat kritt een den Transporteur net ëmgeswitcht, dat geet emol net duer fir ee Camion ze kafen. Do muss elo op laang Siicht geplangt a gekuckt ginn, wat Sënn mécht, wat mir kënnen investéieren, fir datt d’Transporteure sech kënnen organiséieren."

Zu Lëtzebuerg géing et u Plangbarkeet feelen

Wéi all anere Secteur ass och d’Logistikbranche gefuerdert, hir CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Fir eng Aktivitéit, déi zu engem groussen Deel mat Diesel-gedriwwene Camionë funktionéiert, wär dat natierlech e besonnesch groussen Défi, sot den neien Direkter vum Cluster for Logistics Daniel Kohl. Ëmsou méi, well et - technologesch gesinn - zwou Optioune ginn.

"Exakt wësse meir net a wéi eng Richtung et geet. Den Elektro geet éischter an d’national Distributioun, well do d’Distanze méi kuerz sinn. Do packt een 250 Kilometer den Dag. Beim Hydrogène (Waasserstoff) sinn et 400 Kilometer."

Et géing natierlech och vun de Wiederconditiounen a vum Gewiicht vum Camion ofhänken. Et géing also drop erauslafen, datt et zwou Technologië wäert ginn, confirméiert den Daniel Kohl. Dat ass awer problematesch, well d'Entreprisen dann an zwou Richtungen investéiere mussen.

"Do feelt et am Moment zu Lëtzebuerg (an och anerwäerts) u Plangbarkeet. Well wann Dir ee Camion kaaft, dann ass dat fir véier Joer. Dat ass ee massiven Invest. Een Elektrocamion, dat ass dräi- bis véiermol de Präis vun engem Dieselcamion. Dat sinn héich Investitiounen, an dat muss een op laang Zäit plangen."

Et ass awer net just op deem Punkt, wou de Secteur eng Strategie vermësst. Generell géif et un enger politescher Visioun feelen, wéi staark an a wéi eng Richtung d’Logistik sech zu Lëtzebuerg weider entwéckele sollt, sou den Daniel Kohl. 

Muer um Donneschden organiséiert de Cluster eng Konferenz ronderëm d’Erausfuerderung vun enger grénger Zukunft fir de Wuerentransport. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik
Wirtschaft