Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - It's Raining Today

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz manner Banken: ABBL ass zefridde mat der Aktivitéit vun der Finanzplaz

Joresrapport vun der ABBL

Trotz manner Banken: ABBL ass zefridde mat der Aktivitéit vun der Finanzplaz

D'ABBL huet hire Rapport fir d'Joer 2023 virgestallt. Dora stellt ee fest, datt et 2023 118 Banken zu Lëtzebuerg gi sinn. Dat sinn der 10 manner wéi nach am Joer 2020. An awer weist ee sech zefridde mat der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Ilona Lablaika play_arrow

Zanter 2020 hëlt d’Unzuel u Banken hei am Land konstant of. Dat wier normal, mengt de Guy Hoffmann, Vize-President vun der ABBL. Ee vun de Grënn wier, datt manner Talenter op Lëtzebuerg kommen.

"On vise des tailles critiques en termes de métiers relativement spécifiques, pour ce qui est de la compliance, du risque management. Et peut-être aussi au niveau des investissements, quand même dans la digitalisation, qui sont extrêmement importants."

D’Aktivitéite vun der Finanzplaz am Joer 2023 belafe sech op ronn 6.6 Milliarden Euro. Am Joer 2022 waren et nach 3,9 Milliarden Euro. Domat wier een zefridden, esou de Guy Hoffmann. Et kéint een d’Reserv fir an der Zukunft garantéieren. Et géif een net domat rechnen, datt 2024 nach emol sou Rekordgewënner gemaach ginn.

Zefridde mat der Regierung

Den neie President vun der ABBL, den Yves Stein, deen och de CEO vun der Bank Edmond de Rothschild ass, betount iwwerdeems, datt d’ABBL géint eng méi zentral Kontroll um Finanzmaart ass. Grad ewéi de Premierminister Luc Frieden also.

"Nous avons avec la CSSF un régulateur très professionnel, très strict, mais aussi très affiné avec les activités de la place."

Allgemeng wier d’ABBL zefridden doriwwer, datt déi nei schwaarz-blo Regierung quasi all hir Fuerderungen an de Regierungsprogramm opgeholl huet, esou nach d’Representante vun der Bankenassociatioun.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Wirtschaft