Radioen

On air

Notturno  |  Yellow Magic Orchestra - Rydeen

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ A certain Trip

A certain Trip

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

De Yussef Dayes gëtt op ville Plaze beschriwwen als ee vun den innovatiivste jonke Batteuren a Produzenten aus England. Opgewuess ass hie mat der Jazz-Vinylsammlung vu sengem Papp.

Decouverte ass deen neien Album "Hiding in Plain Sight" vun Drug Dealer, Band vum Michael Collins, e erfuerene Member aus der psychedelescher Musekszeen vun LA.

"I Inside the Old I Dying" ass deen neien an zéngte Studio-Album vun der PJ Harvey. Siwe Joer ass hir lescht musikalesch Publikatioun "The Hope Six Demolition Project" hier. An der Tëschenzäit huet si de Gedichtband "Orlam" verëffentlecht an dës Gedichter goufen elo a Musek gefaasst um neien Album.

Yo La Tengo, déi amerikanesch Indie-Rock-Band, 1984 gegrënnt, besteet aus enger Koppel (grad wéi Donna Blue). D'Georgia Hubley an den Ira Kaplan, zesumme mam James McNew, sinn, obwuel si kommerziell nëmmen e begrenzte Succès hunn, héich geschat vu ville Kritiker. Hiren aachte Studio-Album "I Can Hear the Heart Beating as One" koum 1997 eraus a gouf d'lescht Joer re-editéiert, eng 25th Anniversary Deluxe Edition.

Playlist:


Yussef Dayes - Rust (feat. Tom Misch) - Black Classical Music
Leron Thomas & Cotonete - Day In Day Out - Day In Day Out
Nora Kamm - Sensible (feat. Salimata Traore) - One
Guillaume Perret - Peace - A Certain Trip
Drugdealer - Pictures of You (feat. Kate Bollinger) - Hiding in Plain Sight
Balthazar - Morning - Applause
René Aubry - Aquarelle - Signes
PJ Harvey - I Inside the Old I Dying - I Inside the Old Year Dying
Case/Lang/Veirs - Greens of June - Case / Lang / Veirs
Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses
Asha Puthli & The Surfers - Sound Of Silence - The Essential Asha Puthli
Yo La Tengo - Center of Gravity - I Can Hear the Heart Beating As One (25th Anniversary Deluxe Edition)
Phat Dat - Flowers - Flowers
Harry Nilsson - Coconut - Nilsson Schmilsson

Musek

Episoden

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales de Rennes

Bal nëmmen Artisten, déi op den Trans optrieden. Wéi all Joer proposéieren d’Programmateure, de Jean-Louis Brossard a Mathieu Gervais, eng eklektesch Affiche, déi de Bols vun der Zäit fillt.
headphones

55 min

play_arrow

Legends & more

Zäitdokumenter aus de 40er a 70er Joren, Nei-Verëffentlechungen, Film-Museke revisitéiert an eng Anekdot
headphones

56 min

play_arrow

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

0 min

World of Sound

Eng catchy Pop, eklektesche Folk, Beats aus Indonesien, Dub & Reggae vu Fraen an duuss Perkussiounen
headphones

56 min

play_arrow

Honky Tonk

Sound-Tüftler, de Klang aus de 70er vun haut, onëmgänglech Folk-Tunes, Weltebummler an eng Honky Tonk Nonn
headphones

56 min

play_arrow

Rythm & Beats

Engagéierten Afrobeat, Spoken Word aus der Karibik, eng irresistibel Soul a Beats, déi eis vum Hocker geheien ...
headphones

57 min

play_arrow

Ecken a Kanten

Nei Stëmmen aus dem Flamenco, faméis Gittaren, Avant-garde Artisten, déi den Traditiounen Ecken a Kanten verpassen an eng Decouverte aus Brasilien
headphones

56 min

play_arrow

One World

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bëssen Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band di léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guru’en
headphones

0 min

Inspiréiert a spannend

Inspiréiert a spannend nei Verëffentlechungen, e bësse Spaghetti Western Feeling, en Disk an Éiere vun den Indianer, eng jonk Band, déi léiwer Analog schafft an e puer onvergiesse Guruen
headphones

56 min

play_arrow

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

0 min

Soft & Easy

Nei-Verëffentlechungen, 3 bekannt englesch Folk-Artisten zesummen fir e neie Projet, eng schéi Stëmm aus Norwegen di sech fir d’Refugiéen asetzt an e puer Klassiker.
headphones

55 min

play_arrow

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

0 min

Be the Change

Ongewéinlech Kläng aus Indien, de Blues vun den Touareg, en neie jonke Stär um Museks-Himmel an e Reggae dee sech vun all Oppressioun entleedege wëll.
headphones

57 min

play_arrow

Osez

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

0 min

Osez ...

E Blues-Mann zesumme mat engem Griot aus dem Mali, Gezwitscher vun engem Villche vu Chicago, de Klang aus der Wüst an eng Schnulz fir matzesangen.
headphones

56 min

play_arrow

September Sun

Vun der Sonn geniirte Musek di zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus West-Afrika an e Soundtrack deen am September 1990 erauskoum.
headphones

0 min

September Sun

Vun der Sonn genierte Musek, déi zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus Westafrika an e Soundtrack, deen am September 1990 erauskoum
headphones

56 min

play_arrow