Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Back To Black

Back To Black

headphones

61 min

Lauschteren play_arrow

Tëscht den Decouvertë vu leschter Woch ass den amerikanesche Saxophonist a Flüttist Hadley Caliman. Mir entdecken ‘Cigar Eddie’, e Stéck wat a senger Original Versioun 1971 verëffentlecht gouf op der ‘Hadley Calman‘ LP.

Spaza ass e Kollektiv vu Johannesburg, Süd-Afrika. Et ass eng Band ouni permanent Besetzung, all Line-Up ännert mat all Projet..

De Fransous Gérard Manset ass wéineg present op de Bünen, schwätzt seele mat der Press an exposéiert sech wéineg, a wann, da verstoppt en sech hannert engem schwaarze Brëll. Haut publizéiert e mat “Comment tu t’appelles “ en éischten Titel vu sengem neien Album L’algue Bleue, en Disk dee vir den Abrëll ugekënnegt gëtt.

Ludwig Von 88, ass eng Punk Band aus dem franséischen Underground. Si ware virun allem an den 80er a 90er Joren aktiv, an hunn 2019 nees en éischten Album no 10 Joer erausbruecht an och d’lescht Joer nees vun sech héiere gelooss.

Den Nick Cave a säi Kompliz Warren Ellis hunn eng delikat Ballade verëffentlecht an Éiere vun der Amy Winehouse. Si ass ze fannen op der BO vum neie Film deen der Londoner Ikone gewidmet ass. Den ambitiéise ‘Film - Back To Black’ iwwerschriwwen - vun der Sam Taylor-Johnson soll déi nächst Woch erauskommen, de 24 Abrëll mat an der Roll vun der Amy Winehouse d’Schauspillerin Marisa Abela, déi d’Lidder selwer séngt!

De Leonard Cohen ass ëmmer erëm ergräifend, eng onverkennbar Stëmm, eng dréche Gittar, Straicher gutt placéiert…e Retour an d’70er.

No der Ballade "Floating On A Moment” verëffentlecht d’Sängerin vu Portishead, d’Beth Gibbons en zweeten Titel vun hirem neie Solo Album "Lives Outgrown”. Och wann d’Beth Gibbons ëmmer schei war a seele mat der Press geschwat huet, esou deet se sech op dëser éischter Solo-Aarbecht carrement aus andeems se iwwer d’Maternitéit refletéiert, Ängschten an Theme wéi d’Ménopose uschwätzt, d’Perte vu Leit déi hir wichteg waren an d’Erfarung vun Erënnerungen di verblatzen…

Dem schweedesche Singer-Songwriter Jay-Jay Johanson säin Album Rorschach Test léist 10 Lidder erkléngen di eis mathuelen duerch ganz ënnerschiddlech Gemittszoustänn.

Eng weider Aktualitéit haut ass déi vun engem Charakter aus Star Wars, de bekannten Droïde RJD2. Den amerikanesche Museker a Produzent Ramble Jon Krohn besser bekannt ënner sengem Büne-Numm RJD2 kënnegt e neien Album fir de Juni un. Mir entdecken en éischten Titel deen elo schonn disponibel ass ‘Through it All’ wou mer den englesche Soulman Jamie Lidell héieren.

Playlist:

1. Gorillaz - Désolé (feat. Fatoumata Diawara) [Extended Version] - Song Machine, Season One: Strange Timez (Deluxe)
2. Hadley Caliman - Cigar Eddie - Inner Peace
3. SPAZA - Sizwile (feat. Nonku Phiri, Malcolm Jiyane, Gontse Makhene & Ariel Zamonsky)/Single
4. Manset - Comment tu t’appelles (Radio Edit) - Comment tu t’appelles (Radio Edit) - Single
5. Jérôme Minière - Le Tour Des Lacs - Monde Pour N'importe Qui
6. Ludwig Von 88 - Jodie Foster - Prophetes et nains de jardin
7. Nick Cave & Warren Ellis - Song For Amy - Back to Black (Original Motion Picture Score)
8. Gabriels - Loyalty - Loyalty /Single
9. Leonard Cohen - Avalanche - Songs of Love and Hate
10. Beth Gibbons - Reaching Out - Lives Outgrown
11. Jay-Jay Johanson - Andy Warhol's Blood for Dracula - Rorschach Test
12. RJD2 - Through it All (featuring Jamie Lidell) - Through It All (featuring Jamie Lidell) - Single

Musek
Rock a Pop

Episoden

Spring Music 2023

E Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen, eng engagéiert Musekerin fir d'Gläichberechtegung vun de Fraen an e puer grouss Pärelen.
headphones

55 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Great Encounters

Eng Rees duerch verschidde Kulturen, en interessante Mix vun de Genren, eng instrumental Musek, déi Stëmme begéint an en eenzegaartege Projet.
headphones

56 min

play_arrow

Great Encounters

Eng Rees duerch verschidde Kulturen, en interessante Mix vun de Genren, eng instrumental Musek, déi Stëmme begéint an en eenzegaartege Projet.
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten
headphones

56 min

play_arrow

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten
headphones

56 min

play_arrow

Spring is coming!

Artiste mat Perséinlechkeet a Bëss!
headphones

56 min

play_arrow

Spring is coming!

Artiste mat Perséinlechkeet a Bëss!
headphones

56 min

play_arrow

Enjoy

Spannend Nei-Verëffentlechungen, e puer Latino Pärelen, e Folk Super-Grupp aus England an e Bléck duerch d'Fënster op d'Strooss mat hire Geschichten, déi laanscht ginn ...
headphones

56 min

play_arrow

Enjoy

Spannend Nei-Verëffentlechungen, e puer Latino Pärelen, e Folk Super-Grupp aus England an e Bléck duerch d'Fënster op d'Strooss mat hire Geschichten, déi laanscht ginn ...
headphones

56 min

play_arrow

Vanity Vanity All Is Vanity

D'Rhythmen aus Südamerika revisitéiert, spoken Word an Éiere vun den Ausgegrenzten, Poesie an Noute gefaasst an eng speziell Ukuklele
headphones

56 min

play_arrow