Radioen

On air

Notturno  |  Salami Rose Joe Louis - Akousmatikous Feat. Soccer96

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fleegestatioun fir wëll Déieren: D'Rou virum Stuerm

Wëll Déieren

D'Fleegestatioun fir wëll Déieren: D'Rou virum Stuerm

Grad ass et nach roueg an der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng. Iwwert de Wanter kommen effektiv manner Déieren op d'Statioun, déi Fleeg brauchen. Dat ännert sech awer mam Fréijoer, d'Statioun platzt dann aus allen Néit. Dofir gëtt se och ausgebaut.

auto_stories

4 min

headphones

18 min

D'Jill Gaasch ass Directrice vun der Wëlldéierstatioun  | © Morgane Weidig play_arrow
D'Jill Gaasch ass d'Directrice vun der Fleegestatioun fir wëll Déieren. (Foto: Morgane Weidig)

E Bussard, puer Schildkröten, Kéiseker am Wanterschlof a Papageie si grad an der Statioun. Zwee bis dräi Déiere kommen am Wanter pro Dag. Et gesäit grad zwar net duerno aus, mee d'Statioun platzt aus allen Néit betount d'Jill Gaasch, Directrice vun der Déierestatioun. Fir ze verhënneren, datt iergendwann Déieren net kënnen opgeholl ginn, gëtt d'Statioun ausgebaut. D'Aarbechten dofir laafen och scho phaseweis: Et ginn nei a méi grouss Ställ a Volièrë gebaut, déi déi al no an no ersetze sollen.

D'Fundament op dat nei Volièrë stoe kommen | © Morgane Weidig
D'Fundament op dat nei Volièrë stoe kommen (Foto: Morgane Weidig)

3.000 Déieren an engem Joer

Jill Gaasch seet, de Rekord un Déieren déi an engem Dag ukomm si läit bei eppes an déi 80. Dat war am Summer wärend der Corona Pandemie. Déi Zäit waren d'Leit méi an der Natur ënnerwee an hunn och deementspriechend méi Déiere fonnt. Iwwer dat ganzt Joer waren iwwer 3.000 Déieren op der Statioun.

D'Equipe, déi zu engem groussen Deel aus Benevolle besteet, beméit sech drëms d'Déiere sou séier wéi méiglech rëm fit ze kréien, a se da rëm fräizeloossen. Dat ass och staark ofhängeg vum Zoustand an dem d'Déier ass. D'Prioritéit ass nämlech ze garantéieren, datt d'Déier och eng Iwwerliewenschance am Fräien huet.

Si betount och, datt déi meescht Déieren duerch d'mënschlecht Handelen an Noutsituatioune geroden. Sief dat duerch Autosaccidenter oder Villercher déi a Fënstere fléien. D'Déiere verléieren och ëmmer méi vun hirem Liewensraum, well drop gebaut gëtt.

Ëmmer méi exotesch Déieren

D'Jill Gaasch erkläert, datt et nach ee weider Phänomen gëtt: Ëmmer méi heefeg, kommen och exotesch Déiere bei hinnen un, déi am Fräie fonnt ginn. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et kee Service dee sech speziell ëm déi Déiere këmmert, dofir mécht d'Fleegestatioun dat. E Papagei oder eng Schildkröt dierf awer net méi fräigelooss ginn, a gëtt dofir weider vermëttelt.

Papagei op der Wëlldéierstatioun | © Morgane Weidig
Papagei op der Wëlldéierstatioun (Foto: Morgane Weidig)

Op dräi Plazen am Land gëtt et Drop-Off Statiounen: Zu Jonglënster, Nidderfeelen a Clierf. Leit déi en Déier fannen dat verletzt oder soss an Nout ass, mee net direkt op Diddeleng kënne fueren, kënnen d'Déieren dohi bréngen. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Interview
Ëmwelt