Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Cold Cold Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etüd weist: Zil vun 1,5 Grad Erwiermung kann eventuell net agehale ginn

Klimakris

Etüd weist: Zil vun 1,5 Grad Erwiermung kann eventuell net agehale ginn

Eng nei Etude iwwer d‘Klimaerwiermung vum renomméierte „London Imperial College“ confirméiert dat, wat aner wëssenschaftlech Etüde rezent och scho gesot hunn: Nämlech, datt et ganz schwéier, wann net esou guer onméiglech wäert ginn, d‘Zil vu maximal annerhallwem Grad Erwiermung nach kënnen anzehalen. 

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

D‘CO2 Emissioune wieren nach ëmmer däitlech ze héich, an d‘Äis a Permafrascht-Zone, géif weider schmëlzen, wouduerch d‘CO2-Ausstéiss nach mol géife klammen. D‘Etüd vum „London Imperial College“ gouf an der Fach-Zeitung "Nature Climate Change" publizéiert.