Radioen

On air

Al Schanken  |  The Creation - I Am The Walker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De "Bremser" Luc Frieden

Iwwerwaachung vun de Finanzmäert

De "Bremser" Luc Frieden

An enger globaler Finanzwelt wier et “dramatesch” fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg, wann d’Iwwerwaachung vun de Finanzmäert géif zentraliséiert ginn, esou den CSV-Deputéierte Christophe Hansen no enger Sitzung haut um Méindeg. D'Oppositioun awer vertrëtt eng méi nuancéiert Positioun a warnt virdrun, datt Lëtzebuerg an deem Dossier ze vill kéint op d'Brems drécken.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Frankräich fuerdert méi eng staark Roll vun der Europäescher Kontrollautoritéit ESMA mat Sëtz zu Paräis. Lëtzebuerg an aner Staate sinn dogéint. Dat war een Theema d’lescht Woch um Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel. Iwwer dëse Sommet huet de Premier Luc Frieden de Moien déi zoustänneg Chamberkommissioun informéiert.

LSAP: Net déi éischte Kéier, datt de Luc Friede bremst

Lëtzebuerg hätt vill ze verléieren, wann d’Supervisioun zu Paräis géif gemaach ginn, seet iwwerdeems de Christophe Hansen. Betraff wieren net nëmmen d’Investmentfongen.

"Mir wëssen natierlech, datt och d’Fonge vu verschiddenen Acteuren opgeluecht ginn. An do wieren och nach aner Acteure betraff."

Wann d’Opsiicht op Paräis geet, da géif et d’Angscht ginn, datt Lëtzebuerg de Virdeel vun enger séierer a flexibeler nationaler Kontrollautoritéit géif verléieren, esou de Franz Fayot. Den LSAP-Deputéierte fënnt awer och, datt Lëtzebuerg kee Blockage dierft maachen, wéi dat alt mol an der Vergaangenheet gemaach gouf.

"Dat war och ënnert der Responsabilitéit vun engem Finanzminister Luc Frieden, wou mir a Saache Bankgeheimnis oder aneren Dossiere Bremser waren, net ëmmer mat engem ganz gudde Resultat fir eist Land."

Piraten: Manner ofhängeg vun der Finanzplaz ginn

Et wier schued, datt Lëtzebuerg an dëser Fro géif schéngen op der Brems ze stoen, esou och déi gréng Deputéiert Sam Tanson.

"Wat mir Suerge mécht, dat ass, datt mir do als Lëtzebuerg e bëssen erëm esou an een net ganz glécklechen Eck réckelen. An ech denken, datt et wichteg ass, datt mir als grouss Europäer eis dofir asetzen, datt mir zesummen eng kohärent Finanz- a Wirtschaftspolitik uginn."

Am Kontext vun de Pläng fir déi europäesch Wirtschaftspolitik séier un déi aktuell Erausfuerderungen unzepassen, seet den Deputéierte vun der Piratepartei, de Sven Clement, datt dëst souwuel Chancë wéi Risike fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg géif mat sech bréngen. 

"Mir brauchen u sech ee Plang, wat maache mir nieft enger Finanzplaz a wéi reduzéiere mir där hire Poids relativ zum Gesamtakommes vum Staat."

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Europa
Politik