Aktualitéit

Tom Dominique
Riicht Eraus mam Tom Dominique

D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Covid-Patiente géif erofgoen, d'Unzuel un Hospitalisatiounen awer erop: Et wier nach ze fréi fir genee ze soe, wéi et weider geet, esou eisen Invité Tom Dominique.

Eng eeler Fra
Erklärunge vun "Hëllef Doheem" a Generalisten

D'Impf-Phas fir Leit iwwer 75 Joer gouf virun zwou Woche lancéiert. Déi néideg Rotschléi kréien déi Betraffen an der Reegel vun hirem Hausdokter, mee och hir Familljen an d'Stëftung "Hëllef Doheem" si bei der Impfcampagne gefuerdert.

Frank Engel
CSV-Parteipresidence

De Frank Engel ka Kritik u senger Persoun, no senger Annonce, erëm fir d'Parteiprésidence vun der CSV ze kandidéieren, net novollzéien. Et wier surrealistesch him d'Schold um schlechten Zoustand vun der Partei ze ginn.

Kultur

A Saturday Night with Heavy Petrol (80 x 180), 2020
Aircheck-Session

Mëtt Dezember huet den Artist Frank Jons wärend der Aircheck-Session vun der Lëtzebuerger Band Heavy Petrol eng Toile gemoolt. De Philippe Hansen huet beim Frank Jons nogefrot, wéi hien deen Owend erlieft hat.

Bella Ciao
Baru - Bella Ciao

An "Bella Ciao" erzielt de Baru Geschichten iwwer déi italienesch Immigratioun an den industriellen Norde vun der Lorraine. Se stamen deelweis aus dem Zeechner sengem eegenen Ëmfeld.

Musek

ross.jpg
Sample vun der Woch

1976 ass dëst Lidd hei erauskomm : "Love Hangover" vun der Diana Ross. Si trëtt hei offensichtlech fir d'Ermächtegung vun de Fraen an. Gesampelt gouf d'Lidd ënner anerem vu Bone Thugs-n-Harmony a vun Geto Boys.

Slowthai
SLOWTHAI

Dem Enfant Terrible vum britteschen Hip-Hop seng vulgär awer poetesch Manéier fir ze rappe kënnt net just a UK gutt un. Am Februar huet de brittesche Rapper Slowthai säin neien Album erausbruecht.

Concerten

Jean Muller
#beethoven20

De Jean Muller analyséiert, wéi de Ludwig van Beethoven seng Pianossonaten op en Enn bruecht huet. Nieft Tounbeispiller stinn och déi lescht Sätz vun de Sonaten Nr. 30 an Nr. 31 um Programm.

Piano
#beethoven20

D'Sonat Opus 106 vum Ludwig van Beethoven gëtt aus dem Material vu just deenen éischte puer Täkt eraus destilléiert. Wat doraus entsteet ass eent vun deene bekanntste Wierker aus dëser Gattung.

Ee Piano
#beethoven20

Dem Ludwig van Beethoven seng 28. Sonat markéiert e Schnatt am Komponist sengem Wierk. Hie bréngt et fäerdeg extrem ënnerschiddlech Iddien an engem formale Gesamtkonzept ënnert een Hutt ze bréngen.

Wëssen

En Zuch Richtung Auschwitz
Zäithistoriker

Virun engem Joer war am Resistenzmusée zu Esch eng vun de leschte gréisseren, vun de Medie verfollegten, historeschen Debatte virum Lockdown. Rieds ass vun der Matschold oder Täterschaft vu 14 Lëtzebuerger um Holocaust.

José Saramago
Prisma

Epidemien, Krisenzoustänn sou wéi d'Fragilitéit vun der Demokratie a vun der Moral an esou Ausnamezoustänn. Dat sinn e puer Haaptsujeten am literaresche Wierk vum portugisesche Schrëftsteller José Saramago.

Hanna Heidt
Virträg

Leguminosen, dat sinn Ierbessen, Bounen, awer och Sojabounen oder Rout- a Wäisskléigras. Dës Planze kënnen eppes, wat aner Planzen net kënnen. Um 10. Leguminosendag um Freideg läit de Fokus um Kléi.

Archiv

Alain Atten
De radio 100,7 Archiv

Am Februar 2008 war de Claude Mangen beim National- a Lokalhistoriker, Archivar, Linguist, Dialektolog, Ethnolog, Folklorist, Literaturwëssenschaftler a Schrëftsteller.

Marcel Mart, Jacques Santer, Ernest Michels a seng Fra & Pierre Werner
De radio 100,7 Archiv

Am Juni 2005 krut de Carlo Link en Abléck an d'Aarbecht vum fréiere Protokollchef am Staatsministère.

Nelly Moia
De radio 100,7 Archiv

Déi renomméiert Fraerechtlerin, Déiereschützerin, Konschtkennerin, Verfechterin vum Laizismus, Schrëftstellerin an Enseignante Nelly Moia am Gespréich mam Mick Entringer am Abrëll 2000.

Net verpassen

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen