
Eis Mataarbechter, Presentateuren an hir Sendungen
Ekipp (75) chevron_rightEis Missioun
De radio 100,7 ass de Radiosender fir Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Zënter 1993 op Antenn, séchert de Sender de Service public an der Lëtzebuerger Radioswelt. Iwwert seng Internetsäit a seng mobil App bitt de Radio och Informatiounen an Text a Bild. Hei fënnt ee seng Emissiounen ausserdeem an der Mediathéik.
Am Ufank war dem radio 100,7 säin Optrag, als soziokulturelle Radio eng spezifesch Nisch ze besetzen. Mam neie Gesetz vun 2022 krut e ganz offiziell d’Missioun, als Generalisteradio all d’Leit zu Lëtzebuerg unzeschwätzen. Méi speziell soll de Radio iwwer national, europäesch an international politesch Aktualitéit informéieren, variéiert Programmer zu sozialen, wirtschaftlechen, kulturellen a sportlechen Sujeten produzéieren an och déi regional a lokal Aktualitéit ofdecken.
D’Programmer radio 100,7 an opus 100,7, de Sender fir klassesch Musek, ginn am allgemengen Interessi vum Média de Service public 100,7 produzéiert, engem onofhängegen ëffentlech-rechtlechen Établissement. De Verwaltungsrot ass aus sechs onofhängege Memberen an dräi Staatsvertrieder zesummegesat. Ufank 2023 gouf fir d’éischte Kéier e Member no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot nominéiert.
Finanzéiert gëtt de Média de service public 100,7 vun der ëffentlecher Hand aus dem Staatsbudget. Ausser dem Parrainage vun eenzele Sendungen dierf keng Publicitéit op senge Radioë gespillt ginn. Zënter 2015 gëtt dëse Finanzement iwwert pluriannuel Konventioune geséchert. Dëst verhënnert, datt iwwert de Budget d’Onofhängegkeet vun de Journaliste vum 100,7 ënner Drock geréit.
Als Service public huet de radio 100,7 besonnesch Verflichtungen. Souwuel bei Informatioune wéi bei Meenungsbäiträg a Kommentare muss d’Redaktioun onparteiesch an onofhängeg bleiwen, an déi eethesch Normen, Qualitéitsuspréch an d’Wäerter vum Service public respektéieren. Den 100,7 muss zur sozialer Kohesioun bäidroen, d’Diversitéit vun Iddien a Meenunge reflektéieren an déi demokratesch, sozial a kulturell Bedeelegung vun de Bierger promovéieren.
Zu senger Missioun gehéiert och d’kulturell an artistesch Kreatioun zu Lëtzebuerg an Evidenz ze setzen. Zum Optrag vum 100,7 gehéiert virun allem d’Nolauschterer, am Respekt vun der Wäerter vum Service public, ze ënnerhalen.
Wéi kann ech de radio 100,7 lauschteren?
• iwwert d'Frequenz 95,9 MHz, fir e besseren Empfang am Norde vum Land
• iwwert déi meescht Kabelsreseauen zu Lëtzebuerg
• iwwer Livestream
• als Podcast iwwert eis Onlinemediathéik
• iwwer d’Radioplayer App
Déi heite Linke kënnt Dir an all App/Device aginn fir de radio 100,7 ze lauschteren
mp3 an der beschter Qualitéit: https://stream.100komma7.lu/100komma7/live/mp3/320/stream.mp3?ar-distributor=f0d1
mp3 a Radio-Qualitéit: Qualitéithttps://stream.100komma7.lu/100komma7/live/mp3/128/stream.mp3?ar-distributor=f0d1
aac fir mobil Applicatiounen: https://stream.100komma7.lu/100komma7/live/aac/48/stream.aac?ar-distributor=f0d1
Déi Linke fonctionéieren och mat http a méi alen Applikatiounen. Mir roden awer dovunner of, déi ze benotzen.
Kontakt
-
Dem radio 100,7 schreiwen :
- mail info@100komma7.lu
-
Der Redaktioun schreiwen :
- mail redactioun@100komma7.
-
radio 100,7 :
-
apartment
21a, Avenue J.F. Kennedy L-1855 Luxembourg
-
markunread_mailbox
Adresse postale : b.p. 1833 L-1018 Luxembourg
-
Telefonsnummer :
- phonelink_ring 44 00 441
De radio 100,7 fannen chevron_right
Gouvernance
Verwaltungsrot
De Verwaltungsrot vum Média de service public 100,7 bestëmmt déi allgemeng Strategie vum Medienhaus, engagéiert den Direkter oder d’Direktesch an iwwerwaacht d’Gestioun vum Etablissement esou wéi de Respekt vum gesetzleche Kader.
De Verwaltungsrot huet néng Memberen. Dorënner si sechs onofhängeg Memberen, déi vum Verwaltungsrot selwer virgeschloen a vun der Regierung ernannt ginn. Déi dräi aner Membere si Staatsvertrieder, déi d’Regierung virschléit an ernennt. Fir nei onofhängeg Memberen ze fannen, kann de Verwaltungsrot en ëffentlechen Opruff fir Kandidature maachen.
D’Mandat vun engem/r Verwaltungsrotsmember huet fënnef Joer a kann eemol erneiert ginn.
De Verwaltungsrot wielt säi President oder seng Presidentin ënner senge Memberen.
De Média de Service public 100,7 gëtt och vun engem/r Regierungskommissär:in iwwerwaacht, deen oder déi mat berodender Stëmm un de Reunioune vum Verwaltungsrot deelhëlt. De Regierungskommissär kann Entscheedunge vum Verwaltungsrot suspendéieren, wa se riskéiere géint Gesetzer, Reglementer, d’Finanzéierungskonventioun oder de Cahier de charges ze verstoussen. Déi Fäll ginn dem Medieminister ënnerbreet.
Verwaltungsrotsmemberen:
Véronique Faber, Presidentin
Tania Brugnoni
Fabien Simon*
Steph Meyers
Raphael Kies
Pierre Reuter
Thierry Zeien*
Josée Hansen*
Tom Hermes
Céline Flammang, Regierungskommissärin
Marielle Sand, Verwaltungsrotssekretärin
(*): Staatsvertrieder:in
Koordinatiounsekipp:
Jean-Lou Siweck, Direkter
Patricia Weber, Sekretärin
Jean-Claude Franck, Chefredakter
Pia Oppel, Vizechefredakterin
Jamie Reinert, Responsabel Museksredaktioun
Luc Boentges, Responsabel Klassesch Museksredaktioun
Yves Stephany, Programmchef
Pascal Tesch, Responsabel vum Service Technique
Semir Demic, Responsabel Kommunikatioun
Richard Thilmany, Responsabel Ressources Humaines
Statut rédactionnel:
Rapporten
Aktivitéitsrapporten
Rapporte vum Verwaltungsrot
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 17.10.2023
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 27.06.2023
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 25.04.2023
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 07.02.2023
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 22.11.2022
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 20.10.2022
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 20.09.2022
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 14.06.2022
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 21.04.2022
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 25.01.2022
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 07.12.2021
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 27.09.2021
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 22.07.2021
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 03.06.2021
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 07.04.2021
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 22.03.2021
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 11.01.2021
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 14.12.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 16.11.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 28.09.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 07.07.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 02.06.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 21.04.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 26.02.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 28.01.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 07.01.2020
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 21.11.2019
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 18.11.2019
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 26.09.2019
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 26.06.2019
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 02.05.2019
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 26.03.2019
- PV de la réunion du CA du Média de service public 100,7 du 14.02.2019