Radioen

On air

De Moien  |  Save Urban Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 6

Podcast

Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 6

An der sechster a leschter Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler" geet et ëm sozial Inegalitéiten an eisem Schoulsystem. An dorëms, wéi besser situéiert Eltere am Interessi vun hire Kanner Afloss huelen. Mir huelen Iech dofir mat an de Garer Quartier an der Stad. Hei drënner fannt Dir den Transkript vun der Episod "Net vu schlechten Elteren".

auto_stories

35 min

Rui Da Costa Ech wollt ni, datt meng Kanner an eng Privatschoul ginn. Dat war ni meng Dengens, well ech komme vun enger populärer Famill. Mee ech wollt net, datt si an der Stroossbuerger Strooss ginn.

Jean-Marc Cloos Déi dote Schoul huet d'Reputatioun, hei kënns de net an de Lycée. Mir hunn hei kee Ranking vu Grondschoulen am Land, mee dee Ranking ass an de Käpp vun den Elteren dran.

Luc Sinner All Eltere wëllen dat Bescht fir hir Kanner. Dat gëllt fir mech, wéi fir déi aner och, datt jiddweree probéiert sech ze positionéieren, esou datt et senge Kanner am Beschte geet.

Pia Oppel An dëser Episod geet et ëm d'Muecht vun Elteren an eisem Schoulsystem. Ech huelen Iech dofir haut nach emol mat an de Garer Quartier an der Stad, wou dëse Podcast an der éischter Episod ugefaangen huet.

Op der Gare ass déi lescht Jore vill gestridde ginn: Iwwer eng organisatoresch Fro, déi op den éischte Bléck zimmlech banal wierkt. Nämlech wéi d'Kanner aus dem Quartier op zwee Schoulgebaier verdeelt ginn. Et geet dobäi ëm Klassegréissten, Personalressourcen a Schoulweeër. Et geet awer och ëm sozial Inegalitéiten. An dorëms, wéi besser situéiert Eltere am Interessi vun hire Kanner Afloss huelen.

Mäin Numm ass Pia Oppel. Ech si Journalistin beim radio 100,7. An an dësem Podcast verzielen ech Iech d'Geschicht vun engem schlechte Schüler. Gemengt ass eise Schoulsystem, deen an internationale Vergläicher schlecht ofschneit. A wou déi schoulesch Leeschtunge vun de Kanner vill dovunner ofhänken, wéi aarm oder räich hir Eltere sinn.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Episod 6: Net vu schlechten Elteren.

Alvine Karlé An dann Obaida, du kanns d'Tafel ofmaachen.

Pia Oppel Kuerz no aacht Auer moies an der Rue du Commerce op der Stater Gare. Mathésunterrecht am sechste Schouljoer.

Alvine Karlé Vous pouvez déjà prendre votre livre de mathématique. Das Rechenbuch könnt ihr schon auf die Bank legen.

Ech sinn d'Alvine. Ech hu 26 Joer. Ech komme vum Belair, also aus der Stad.

Und dann lest ihr Mal die Aufgabe eins, Seite 71. Page 71.

Am Rechne schaffen ech op Franséisch an Däitsch. Bon, heiansdo muss een och dat eent oder anert op Lëtzebuergesch nach eng Kéier erklären. Well dat ass awer, och wa si aner Sprooche schwätzen doheem, schwätze si ënner sech Lëtzebuergesch. An dat ass déi Sprooch, wou si vum Verständnis a vum Schwätzen hier am meeschten u sech kënnen.

Gibt es Sachen wo ihr nicht verstanden habt? Ja?

Obaida Pfand.

Alvine Karlé Was ist Pfand? C'est quoi consigne, des bouteilles consignées?

Pia Oppel Een Drëttel vun der Schoulstonn verbréngt d'Alvine Karlé domadder fir d'Vokabelen aus der Rechenaufgab ze erklären.

Alvine Karlé Ihr sollt jetzt hier schauen, was wird mich am billigsten? Wenn ich ein Tetra-Pack kaufe. Si j'achète des briques. Si j'achète des bouteilles non consignées.

Pia Oppel D'Schülerinnen an d'Schüler maache sech un d'Aarbecht. Ech kucken zwee vun hinnen iwwer d'Schëller.

Obaida Mir maachen dat gedeelt duerch dräi. Dat ass 0,25. Herno wéi vill brauche mir ...

Ech heeschen Obaida. Ech hunn 12 Joer. Meng Hobby ass Fussball a Basket. Ech komme vu Syrien an ech schwätzen Arabesch doheem.

Boubacar Ech si Boubacar. Ech hunn 12 Joer. Ech hu Basket mega gären, also dat ass mäin Hobby.

Pia Oppel Wou bass Du gebuer?

Boubacar A Guinea.

Pia Oppel Eng Véierelsstonn méi spéit hunn den Obaida an de Boubacar net erausfonnt, wéi een Orangëjus am präiswäertsten ass. D'Alvine Karlé hëlleft hinnen op d'Spréng.

Alvine Karlé Ihr müsst nur Mal zwei machen.

Obaida Ah jo, ok, ok, ok.

Alvine Karlé Gell?

Obaida Hues du gesinn? Easy peasy.

Alvine Karlé Et ass fir si wierklech relativ schwéier. Also net fir jiddwereen. Et sinn ëmmer Kanner, déi dat da besser verstinn, mee fir déi meescht ass et méi schwéier. Dofir muss ech och um Ufank vill erklären. An duerno schaffe si oft am Grupp, well dat fir si da méi einfach ass.

Es ist nicht schlimm, wenn ihr nicht fertig seid. Wir machen das nach den Ferien weiter.

Pia Oppel D'Mathésstonn ass eriwwer. Kee Grupp huet d'Aufgab geléist.

Alvine Karlé Haaptsaach dir hutt elo bëssi iwwerluecht. Et geet am Fong vill dorëmser, bëssi selwer iwwerleeën.

Ech hu Kanner, déi hunn de Reegelalter. Dat heescht, eelef, zwielef Joer. Déi meescht Kanner sinn net am Reegelalter. Also déi meescht Kanner hu schonn een Allongement de cycle gehat. Respektiv, waren an d'Land komm, sinn ee Joer oder zwee Joer zeréck gestuuft ginn.

Pia Oppel Et ass eng Schoul, wou de Wiessel ganz present ass. Kanns du bëssi beschreiwen, wéi s du dat erliefs?

Alvine Karlé Am Alldag ass dat heiansdo schwiereg. Also, et gewinnt ee sech drun. Et ass alles eng Fro vun Organisatioun, Gewunnecht. Oft kriss de dann een Dag, heiansdo puer Stonnen éier d'Kanner da kommen, Bescheed gesot. Also vum Service de l'Enseignement. Si kënne jo och näischt dofir, well d'Eltere gi si jo da réischt umellen. An da kommen d'Kanner eben den Dag drop direkt an d'Schoul. Da kriss de heiansdo owes, am Nomëtten eng E-Mail, hei du kriss een neie Schüler. An dann ass et bësse sou op déi Aart a Weis, géif eens, souzesoen.

Pia Oppel Du hues elo vun Denger Klass ee bis zwee déi Richtung Classique kéinte goen. Ass dat fir déi heite Schoul esou de Schnëtt am sechste Schouljoer?

Alvine Karlé Jo, zum Deel. Et hänkt och ëmmer bësse vun de Klassen of, déi een huet. Et huet een heiansdo méi schwaach Klassen, et huet een heiansdo méi staark Klassen. Mee u sech sinn et der net grad sou vill wéi an anere Schoule vläicht.

Pia Oppel Alleguer d'Kanner an der Alvine Karlé hirer Klass kommen aus bescheidenen, deels och prekäre Verhältnisser.

Alvine Karlé Ech fannen et am Fong Schued. Ech mengen, datt vill Leit duerch de Quartier net méi hir Kanner hei an d'Schoul schécken. A well si vläicht mengen, oh, schlechten Afloss. Vläicht sinn do da Kanner drënner, wou d'Eltere sou Saache schaffen, euhm, ech soe lo Drogendealer, oder wat och ëmmer. Dat kann och gutt sinn, dat weess ech och natierlech net sou. Mee déi Kanner, déi ech hei hunn, déi sinn awer ganz léif. Ech si sou zefridde mat hinne. Also, ech ka mir elo näischt aneschtes méi virstellen. Ech si wierklech frou. An ech komme jo aus engem privilegiéiertem Quartier, muss ee soen. Mee ech mengen, ech wëll och guer net méi anzwousch anescht hin.

Pia Oppel Firwat?

Alvine Karlé Ech weess et net, et ass iergendwéi esou eng Schoul mat Häerz.

Pia Oppel Vis-à-vis vun der Schoul an der rue du Commerce ass ee Sexshop. Um Trëttoir sti Prostituéiert. Eng oppen Drogenzeen markéiert dësen Deel vum Garer Quartier. Op 500 Meter Loftlinn vun der Schoul an der Rue du Commerce ass een zweet Gebai, dat och zur Garer Schoul gehéiert. D'Welter-Schoul läit an enger verkéiersberouegter Strooss mat Beem an Eefamilljenhaiser. Zum Anzuchsgebitt vun der Welter-Schoul gehéiert dee méi schicken Deel vum Quartier.

Raoul Albonetti Wir fangen diese Woche an mit der selben Übung, die wir letzte Woche schon gemacht haben. Mit den Modalverben.

Antoine Oh neen.

Raoul Albonetti Oh doch.

Pia Oppel Kuerz no aacht Auer moies an der Welter-Schoul, Däitschunterrecht am Cycle 4.

Raoul Albonetti Dann mach Mal einen ganzen Satz.

Mäin Numm ass Albonetti Raoul. Ech hunn 42 Joer an ech schaffen de Moment als Schoulmeeschter an der Stad an enger klenger Schoul an der Michel Welter a jo, meng Tâche ass do ee Cycle 4, dat heescht een aalt fënneft an een aalt sechst Schouljoer beieneen.

Pia Oppel De Raoul Albonetti ass ee Quereinsteiger. Hie schafft säit zwee Joer als Grondschoul-Enseignant. Virdru war hien ënner anerem als Schauspiller an Tëlees-Moderateur aktiv. Och an der Schoul ass hie beméit säi Publikum méiglechst gutt ze ënnerhalen an doduerch bei der Staang ze halen. Als eng vun de Synchron-Stëmme fir d'Lëtzebuerger Versioun vun de Simpsons gehéieren Imitatiounen zum Raoul Albonetti sengem Repertoire am Unterrecht.

Raoul Albonetti Ja mei, da mache mer dass mal so, Antoine, da du aus Tirol stammst. Dann nimmst du mal jetzt den nächsten Satz. Ruhig Blut. Und du machst mir den Satz jetzt mal mit dem österreichischen Akzent.

Antoine Laura war am ersten Schultag traurig, denn sie konnte nicht mit ihren Grosseltern zur Einschulung gehen.

Raoul Albonetti Nein, nein, nein. Da bin ich nicht mit einverstanden, das ist jetzt Hochdeutsch. Das will ich nicht hören.

Antoine Ech ka keen ...

Raoul Albonetti Ah, ma du sos du wiers aus Tirol.

Antoine Dat wor e Witz.

Raoul Albonetti Ah, also gut. Nochmal

Pia Oppel Als Beruffsufänger hat de Raoul Albonetti net vill Choix, a wéi eng Schoul hie kéint schaffe goen. Um Enn bleiwen dacks schwiereg Posten iwwereg, déi eigentlech eng grouss Beruffserfarung viraussetzen. Wéi eng Cyclesklass mat 18 Schülerinnen a Schüler am Garer Quartier.

Raoul Albonetti Déi grouss Fro fir mech war, wéi ënnerriichts de elo parallel zwee verschidde Schouljoren? Dat war ganz chaotesch, fir mech a meng Kanner. Si waren awer ganz coulant, d'Elteren och Gottseidank. Ech hu vun Ufank un d'Kaarten op den Dësch geluecht, hunn d'Saach erkläert. An ech sot, voilà, ech léieren och nach.

Pia Oppel Mee de Raoul Albonetti huet Chance, seng Klass mécht him d'Aarbecht relativ einfach.

Raoul Albonetti Et sinn der eelef Stéck, déi am Cycle 4.2 sinn, a siwe vun hinne ginn an de Classique. Also et si staark Schüler.

Pia Oppel A si kommen tendenziell éischter aus engem aiséierte Milieu: ënner den Eltere si Juristen, Medezinner, Ekonomisten an Entrepreneuren.

Raoul Albonetti De Groussdeel jo, déi komme wierklech aus ganz gudde Famillen. Bei zwee, dräi ass dat elo manner de Fall.

Voilà, dir Herrschaften. Da wënschen ech iech ee flotten, sonnegen Dënschdeg Nomëtteg.

Pia Oppel D'Welter-Schoul ass eng kleng Schoul mat knapps 60 Schüler. Et gëtt just dräi Schoulklassen. Eng fir all Cycle. Am Anzuchsgebitt wunnen net genuch Kanner fir fir all Joergank eng eege Klass opzemaachen. D'Enseignanten aus der méi grousser Schoul an der Rue du Commerce hu proposéiert fir d'Garer Schoulkanner anescht op déi zwee Gebaier Welter a Commerce ze verdeelen. Mam Argument, datt d'Klassegréissten da méi equilibréiert wieren a méi Ressourcen do wiere fir Appuisstonne fir schwaach Schülerinnen a Schüler. Déi separat Schoulsecteure wieren dann ofgeschaaft ginn: Éischt- bis Véiertklässler aus dem ganze Quartier wieren all an d'Commerce gaangen, an de ganze véierte Cycle sollt an d'Welter kommen.

Mee d'Elteren aus der Welter-Schoul hu sech dogéint mat Hänn a Féiss gewiert.

Jean-Marc Cloos Mir hu fir eis Kanner fäerdeg bruecht, datt déi Fusioun net zustane kënnt, esou wéi den deemolege Schoulpresident dat wollt.

Pia Oppel De Jean-Marc Cloos ass Medezinner a Papp vun zwee Kanner, déi an d'Welter-Schoul ginn.

Jean-Marc Cloos Ech hätt misse mat deem Jéngsten an dat eent Gebai goen, a mat deem Eelsten an dat anert. Geographesch gesinn ass dat fir mech scho Mol een No-Go gewiescht.

Pia Oppel Zesumme mat aneren Elteren aus der Welter-Schoul huet hien Ënnerschrëfte gesammelt, Bréiwer un déi politesch Responsabel geschriwwen a Communiquéen un d'Press. An der Stater Schoulkommissioun huet de Jean-Marc Cloos seng Positioun kloer gemaach. Eng Kéier och mat esou vill Gebläers, datt dem Elterevertrieder säi Mikro bei enger Visio-Konferenz eng Kéier op stomm geschalt gouf.

D'Politik huet dem Drock noginn. An et geet bei dësem Konflikt net just ëm d'Längt vu Schoulweeër.

Doheem bei der Famill Cloos. Den Antoine weist, wat hie grad am Pianosunterrecht léiert. Hien ass 12 Joer al, an ee vun de Schüler an dem Raoul Albonetti senger Klass - Dir erënnert Iech, den Antoine aus Tirol. No der Grondschoul geet den Antoine gär an de Jongelycée.

Antoine Well am Jongelycée hues de ab zwou Schluss. Dann hues du nach zwou extra Stonnen, déi s du dir auswiele kanns. Du kanns Sport maache goen oder een extra Cours maachen, eng extra Sprooch, esou wéi Russesch, Al-Griichesch, Japanesch, an nach eng, ech menge Chineesesch, mee ech si mir net sécher.

Pia Oppel Als Fan vu japanesche Mangaen an Animéen wëllt den Antoine natierlech ...

Antoine ... Japanesch maachen, jo. Well da kann ech all d'Episode méi schnell kucken a mech a Japan mat de Leit verstännegen.

Pia Oppel Datt den Antoine an de Classique kënnt, war net ëmmer esou kloer. Am Cycle 3.2, also dem véierte Schouljoer, ass hie bal sëtze bliwwen. Säin deemolegen Enseignant warnt hien, et kéint herno fir an de Lycée knapp ginn.

Pia Oppel A wéi s Du gesot krus, Du géifs vläicht duerchfalen, huet dat Dir Angscht gemaach?

Antoine Jo, dat huet mir Angscht gemaach. Ech hat keng Loscht duerchzefalen. Mäi Papp ass an engem Unis-Joer duerchgefall?

Jean-Marc Cloos Mhm.

Antoine Lycéesjoer?

Jean-Marc Cloos Uni.

Antoine Unisjoer duerchgefall, wéinst dem Franséisch?

Jean-Marc Cloos Nee, net wéinst dem Franséischen.

Antoine OK, ech hu keng Anung.

Jean-Marc Cloos Wéinst der Anatomie.

Antoine Wéinst der Anatomie, wat och ëmmer dat ass.

Pia Oppel Wat huet hien Dir dovunner gesot?

Antoine An hie sot mir, datt Duerchfalen net schéin ass an net cool ass. Léiwer solls de dech besser dru ginn. An do hunn ech mech och besser dru ginn a si ganz knapp nach duerch d'Joer komm. An am Fënneften, wou ech mäin Éischt-Trimester-Bilan krut, do wor mäi Papp net gutt gelaunt an huet mat mir Kloertext geschwat, datt ech eng Nohëllefsjoffer kréien. A säitdeem ech hatt hunn, hu sech meng Nouten ëmmer no an no verbessert.

Jean-Marc Cloos Du hues jo awer och eng Pianos-Proff, déi Franséisch mat Dir schwätzt.

Antoine Jo, mee Piano üben ech net vill.

Pia Oppel D'Famill Cloos hëlt Suen an de Grapp, fir datt den Antoine a säi klenge Brudder besser am Franséischen Eens ginn. Sechs Stonnen Nohëllef d'Woch hat den Antoine ufanks, seng Elteren engagéieren e franséischsproochegt Aupair-Meedchen an am Summer ginn d'Kanner zu Nice an d'Sproocheschoul.

Pia Oppel Wëllt Dir verroden, wéi ee Käschtepunkt dat fir Iech als Famill war, fir dat ze stäipen?

Jean-Marc Cloos Oh, dat sinn awer puer Dausend Euro gewiescht. Dat heescht, bon, déi Kanner, déi sech dat elo eltereméisseg net leeschte kënnen, déi sinn do am Hannertreffen.

Pia Oppel Wéi vill aner Elteren hunn och de Jean-Marc Cloos a seng Fra beim Hauskaf mat consideréiert, a wéi eng Schoul hir Kanner solle goen. Also an d'Welter-Schoul an net an d'Rue du Commerce.

Jean-Marc Cloos Déi dote Schoul huet d'Reputatioun, hei kënns de net an de Lycée. Mir hunn hei kee Ranking vun de Grondschoulen am Land, mee dee Ranking ass an de Käpp vun den Elteren dran. Ganz kloer.

Pia Oppel Hutt Dir jee bereit am Garer Quartier gewunnt ze hu wärend der Schoulzäit vun Äre Kanner?

Jean-Marc Cloos Dach, schonn. Also, wéi ech gesot krut, datt mäi Fils déi Problemer am Franséischen hätt, hunn ech mir geduecht, häss de besser gehat op de Lampertsbierg ze zéien oder anzwousch anescht. Well ech mir geduecht huet, datt et trotzdeem eppes mam Quartier a mat der Prise en charge hei ze dinn huet.

Pia Oppel A vun enger Fusioun mat der Schoul an der Rue du Commerce huet de Jean-Marc Cloos sech net erwaart, datt d'Situatioun fir seng Kanner sech verbessert hätt.

Jean-Marc Cloos Déi Aart a Weis, wéi et gehandhaabt gëtt. A wéi dann och gesot gëtt, mir mussen hei mat Lëtzebuerger opfëlle fir genuch Personal ze kréie fir d'Kanner à problème. Da soen ech mir: Ech schécken Iech mäi Kand, fir datt Dir méi Personal kritt, fir datt Dir mat deem Personal aner Kanner hir Problemer dann deen Ament kënnt léisen.

De fréiere Schoulpresident vun do huet eis eng hallef Stonn dovunner geschwat, wéi vill Zäit dat kascht hätt, fir eng ganz Famill en charge ze huelen, déi keen Daach iwwer dem Kapp hat. Do hunn ech zu him gesot, ma lauschtert, Dir sidd Schoulmeeschter an net Assistant social. Dat ass ee soziale Problem, deen Dir eigentlech net ze léisen hutt. An do hu mir als Elteren d'Impressioun gehat, datt et guer net méi op eng Educatioun gekuckt gëtt, mee just nach op 'do brennt et, do brennt et, do brennt et'.

Pia Oppel Zeréck an d'Rue du Commerce, wou ech een anere Papp treffen, deem seng Kanner op dëser Säit vum Quartier an d'Schoul ginn.

Luc Sinner Ech sinn de Luc Sinner. Ech wunne säit aacht Joer hei op der Gare, hunn zwee Kanner hei an der Garer Schoul, een an der Precoce, an een am Cycle 2.2.

Pia Oppel Hutt Dir hesitéiert Är Kanner hei an d'Schoul ze ginn?

Luc Sinner Ech mengen, ech géif léien, wann ech géif soen, nee, ech war mir direkt sécher, ech wéilt meng Kanner hei an d'Schoul ginn. Ech mengen, ech wunnen immens gären hei. Ech wollt am Fong awer elo och net an eng Situatioun kommen, wou ech déi ganzen Zäit ronderëm rennen. Et muss een awer soen, wann een d'Schoul eng éischte Kéier gesäit, da stellt ee sech seng Froen. De Kader ass net wierklech accueillant. Déi Remarken, déi ee kritt aus dem Ëmfeld, oh, déi Garer Schoul an de Garer Quartier, ass dat net geféierlech?

Pia Oppel Als Lëtzebuerger, deen op enger Bank schafft, gesäit hie sech selwer net als typesche Papp a senger Schoulcommunautéit.

Luc Sinner Och einfach, well ech mir bewosst sinn, datt ech hei eng Ausnam duerstellen.

Pia Oppel De Luc Sinner hält eng Fusioun vun de Schoulgebaier am Quartier fir sënnvoll. Mee hie versteet de Widderstand vun den Elteren aus der Welter-Schoul.

Luc Sinner Dat ass mengen ech ganz novollzéibar. All Eltere wëllen dat Bescht fir hir Kanner. Dat gëllt fir mech wéi fir déi aner och. Um Niveau vun den Elteren ass dat ganz normal, datt jiddweree probéiert dat Bescht erauszehuelen a sech ze positionéieren, datt et senge Kanner am Beschte geet.

Pia Oppel De Ranking vun de Schoulen ass an de Käpp vun den Elteren, seet de Jean-Marc Cloos. Dat gesäit de Luc Sinner och esou an engem gewësse Sënn. D'Schoul an der Rue du Commerce huet ee Problem mat hirem schlechte Ruff.

Luc Sinner An déi schlecht Reputatioun ass fir mech wierklech zum groussen Deel Fassad, well ech awer wierklech ganz motivéiert Enseignantë getraff hunn, ech mengen, datt gutt edukativ Aarbecht gemaach gëtt hei an der Schoul. An da schéngt et mir awer esou ze sinn, datt een déi Angscht brieche muss seng Kanner hei an d'Schoul ze bréngen.

Pia Oppel D'Hallschent vun de Garer Kanner am Grondschoulalter ginn net an hirem Quartier an d'Schoul. Vill ginn a Privatschoulen. Anerer maache Schoultourismus, si besichen eng Grondschoul an engem anere Stater Quartier.

Pia Oppel Wéi gesitt Dir de Risiko, datt Dir iergendwann sot, dat geet awer net méi op fir mech?

Luc Sinner Et gëtt natierlech eng rout Linn, ne? Dat heescht, soubal ech d'Gefill hunn, datt meng Kanner am Verglach zu anere Kanner hannendra geroden, ausserhalb och vun der Schoul, hunn ech d'Verantwortung vis-à-vis vu menge Kanner fir ze soen: Ok, vläicht muss ech eppes änneren. An ech maachen do dann definitiv alles, wat néideg ass, falls deem esou sollt sinn.

Bis elo hunn ech net dat Gefill. An ech muss och soen, et hänkt ëmmer bëssen dervun of, wéi een et gesäit. Ech mengen, eng Schoul ass och méi, wéi nëmme Stoffvermëttlung. Dat Lescht, wat ech wéilt, ass meng Kanner iergendwéi an eng Boule stiechen, déi net der Gesellschaft entsprécht, dowéinst wäert ech op jiddwer Fall soulaang wéi ech et fir vertrietbar fannen, meng Kanner och hei an der Schoul loossen.

Pia Oppel An d'Situatioun ass net méi vertrietbar. Zur där Conclusioun ass de Rui Da Costa komm. Hien ass den drëtten a leschte Papp, vun deem ech Iech an dëser Episod verziele wollt. Well seng Siicht op d'Schoul ass nach emol eng ganz aner wéi déi vum Jean-Marc Cloos a vum Luc Sinner.

[Schell]

Rui da Costa Jo, fënnefte Stack.

Moien!

Pia Oppel Moien!

Joana Joana.

Pia Oppel Pia.

Witold Witold.

Rui Da Costa Milosz?

Milosz Milosz

Pia Oppel De Rui Da Costa wunnt mat senger Fra Joana a sengen zwee Bouwen, Witold a Milosz, an engem Appartement net wäit fort vun der Welter-Schoul. Bis d'zweet Schouljoer geet de Witold hei an d'Schoul an ass hei ee vun de beschte Schüler a senger Klass. Fir d'drëtt Schouljoer ass hien an d'Sainte Sophie um Kierchbierg gewiesselt, eng Privatschoul, an där och den traditionelle Schoulprogramm ugebuede gëtt. D'Decisioun ass dem Rui da Costa net einfach gefall.

Rui Da Costa Ech wollt ni, datt meng Kanner an eng Privatschoul ginn. Dat war ni mäin Dengens, well ech komme vun enger populärer Famill sinn. Mee ech wollt net, datt si an der Stroossbuerger Strooss ginn.

Pia Oppel D'Famill Da Costa wollt der Diskussioun iwwer d'Schoulorganisatioun am Quartier net weider nokucken.

Rui Da Costa Et ass déi Petitioun komm, dann ännere si, da soe si: Nee, mir maachen dat net. Dëst Joer am Abrëll huet nach eng Kéier d'Geschicht ugefaangen an dat nervt. Da weess de net, wat geschitt mat denge Kanner, gi si do, bleift deen doten hei? An do sinn ech rose ginn. An dat ass, firwat hunn ech gesot, mir hu geduecht mam Joana, ech weess, onse Logistik ass net super. Mee mir hunn ee schéinen Tram, dee fräi ass, dee praktesch ass, a mir ginn da mat de Kanner an d'Sainte Sophie, wou dann, voilà.

Pia Oppel D'Saach ass: De Rui Da Costa ass an den 80er Joren selwer op der Gare an d'Schoul gaangen. An der Stroossbuerger Strooss, also an déi al Schoul, déi deemools nach do stoung um Eck mat der Rue du Commerce. Seng Elteren hunn op Schichte fir d'Imprimerie Centrale geschafft. Doheem schwätzt d'Famill Portugisesch. An an der Schoul ass et fir de Rui da Costa net gutt gelaf.

Rui Da Costa D'Chance ass komm, well d'Joffer vun de sechste Schouljoer huet gesinn, datt ech ganz schwaach war am Däitschen, a si huet mir Cours d'Appuie ginn, bei si doheem. Si huet ëmmer gemengt, ech war ganz gutt op alles, mee net op den Däitschen. A si seet: Mindestens probéiere mir mol, datt s du op de Preparatoire kënns. Well souwisou, Kanner op der Stroossbuerger Strooss hate ganz wéineg Chance fir am Lycée direkt ze goen. Ech mengen, éierlech gesot, war een, deen am Michel Rodange akzeptéiert war. Mee dat war ee Lëtzebuerger, dee ganz gutt am Däitsche war.

Pia Oppel De Rui Da Costa huet a sengem Schoulparcours nach eng zweete Kéier Gléck am Ongléck. Am LTB, dem Bouneweger Lycée Technique. Op der Dixième fält hien am däitschen Noexamen duerch. An d'Joer drop lancéiert seng nei Klass een Theatergrupp.

Rui Da Costa Den Numm vun der Trupp war El Tebissimo. An do war den Direkter ganz stolz vun eis. Endlech den LTB, schéinen Image, Theater, kulturell.

Pia Oppel D'Trupp hëlt un Theaterconcoursen tëschent Lycéeën deel.

Rui Da Costa An duerch dat sinn ech op de Conservatoire gaangen, well de Jury wollt eis am Conservatoire. Ech hunn dann ee Casting fir mam Frank Hoffmann am Stéck "Eisefrësser" vum Guy Rewenig, wou ech all déi Leit kennegeléiert hunn. Wou ech mam Steve ...

Pia Oppel De Schauspiller Steve Karier

Rui Da Costa ... all déi Leit kennegeléiert hunn. An de Steve huet gesot, du bass de Perfekte fir Ausländer Portugisesch ze schwätzen, well war ee Stéck iwwer d'Immigratioun an [laacht] hie sot: deng Lëtzebuergesch ass wierklech schlecht, mee et ass perfekt fir ze spillen. An hien hat Recht, well ech war effektiv ganz schlecht.

Pia Oppel Haut schafft de Rui Da Costa als Comptabel. An hien ass iwwerzeegt, datt de sozialen Opstig him wéinst dem Theater gelongen ass.

Pia Oppel Du hues dech jo awer eropgeschafft. Kann een dat esou soen?

Rui Da Costa Jo, well ech wollt eppes ginn. An den Theater huet mir gehollef an dat. Well gesäis de, wann s de an eng Schoul, déi keng Activités culturelles huet, an dat war de Fall, da sees de OK, et ass näischt lass hei. Mee wann s du eng Activité culturelle hues, oder eng Activité sportive hues, ech mengen, dat hëlleft vill, datt en d'Leit sech, well da maache si eppes, wat si gär hunn, an da ka si bëssi méi fir d'Schoul schaffen. D'Kultur huet mech vill gehollef, fir weiderzegoen.

Pia Oppel De Rui Da Costa wënscht sech, datt seng Kanner et méi einfach hu wéi hien. Seng Suerg ass, datt de schouleschen Niveau an der Rue du Commerce genee wéi deemools schwaach ass. An d'Enseignanten net vill vun de Schülerinnen a Schüler erwaarden.

Rui Da Costa Ech fäerten, datt de Proff dann oder d'Institutrice, mengt, den Niveau ass ze déif, dat heescht, meng Kand wäert dann dee selwechten Niveau hunn. Ech fäerten dat, well mir sinn an aneren Zäiten, an ech menge mir musse Chance ginn a jiddweree muss dee selwechte Programm maachen. An ech wëll net, datt Kanner an der Zäit erlieft, wat ech erlieft hunn, an et ass dat, wat mech Angscht gemaach huet fir meng Kanner.

Pia Oppel "D'sozial Mixitéit ass gutt, mee et mussen awer Limitte ginn". Dat sot mir eng Mamm aus dem Garer Quartier, mat där ech iwwer d'Fusioun vun den zwee Schoulgebaier geschwat hunn. An dee Saz schéngt mir iwwer d'Situatioun an der Gare eraus eng Realitéit ze beschreiwen, mat där eise Schoulsystem konfrontéiert ass. Wien et sech ka leeschten, versicht sech ee méiglechst gutt Ëmfeld fir seng Kanner auszesichen. Duerch de Choix vum Wunnsëtz, duerch Schoultourismus oder de Wiessel an eng Privatschoul.

Fir Schoulen a sozial schwaache Milieue riskéiert dat zu enger Fal ze ginn.

[Telefon tuut]

Andras Hadjar Hallo, hier ist Andreas Hadjar

Pia Oppel Hallo, Pia Oppel von radio 100,7. Das hat jetzt direkt geklappt, super.

Pia Oppel Den Andreas Hadjar ass Bildungssoziolog. Hien analyséiert, wéi een Afloss de Schoulmilieu op d'Leeschtunge vu Lëtzebuerger Grondschoulkanner huet. An hie seet, wa sougenannt "benodeelegt" Kanner an hirer Klass an der Majoritéit sinn, verstäerkt dat hir Schwieregkeeten.

Andreas Hadjar Warum ist das jetzt so? In diesen Umfeldern verbleiben dann eher Schüler:innen mit Leistungsdefiziten und meist auch mit geringer Motivation. Letztlich fehlen diesen Schüler:innen auch andere Schüler:innen mit besseren Lernvoraussetzungen als Ressource. Weil wenn man Mitschüler hat, die zum Beispiel Lust auf Schule haben, kann man auch mal mit andern Hausaufgaben zusammen machen. In dem Moment, wo dann die "Besseren", wenn man so will, fehlen. Dass dann so ein Austausch garnicht stattfinden kann.

Pia Oppel Dem Fuerscher ass och opgefall, datt d'Léierpersonal sech jee no Schoulëmfeld anescht verhält.

Andreas Hadjar Wir wissen auch von Lehrer:innen selber in Luxemburg, die gesagt haben: Ja, in solchen Klassen da arbeitet man nicht daraufhin auf ein bestimmtes Lernziel. Sondern man muss sich freuen, wenn die Schülerinnen und Schüler Wohlbefinden haben, also sich gut fühlen. Und überhaupt noch bei der Stange bleiben. Das ist auf der einen Seite gut, weil wir brauchen Wohlbefinden in der Schule, und wir müssen gucken, wie können wir Schulentfremdung reduzieren. Aber auf der anderen Seite heisst das, dass für diese Schüler überhaupt keine grosse Leistung angestrebt wird.

Und dann wissen wir natürlich, dass in solchen Klassen auch mehr Disziplinschwierigkeiten sind. Und wir wissen, dass dann selbst Schüler die Lust auf Lernen haben sich eher beschweren, da in den Gruppendiskussionen, dass da das Umfeld eigentlich eher stört und sie vom Lernen abhält. Also da gibt's ganz verschiedene Studien, dass in solchen homogenen Umfeldern, dann eigentlich alle was mit verlieren.

Pia Oppel Mee Schoulressorten anescht definéieren oder souguer d'Kanner mam Bus an aner Schoule bréngen, dat fuerdert vill Courage vu Gemengeresonsablen, déi fir d'Schoulorganisatioun zoustänneg sinn. An Erfarungen am Ausland weisen, datt esou Decisiounen net ëmmer den erwënschten Effet hunn. Ebe well méi privilegéiert Famillen dacks Mëttel a Weeër fanne sech deem ze entzéien.

Et kann een de Schoulen an engem schwieregen Ëmfeld och méi Moyenen ginn. Zum Beispill, fir datt méi Enseignanten an enger Klass kënne present sinn.

Andreas Hadjar Das heisst sicher auch Investitionen in Lehrpersonal, sicher auch Investitionen in Unterstützungspersonal. Weil die schönste gemischte Schule bringt nicht so viel, wenn da nicht auch Lehrpersonen drin sind, die nicht durch die Heterogenität, die verschiedenen Schüler:innen, überfordert sind. Das sieht man in manchen Ländern auch. Sondern man braucht dann, wie es in nordischen Ländern oft gemacht wird, das sind dann wirklich viel Investitionen in den Lehrkörper.

Pia Oppel Eng kuerz Klammer hei zum Theema Personalressourcen. Zu Lëtzebuerg kréie Schoule mat méi benodeelegte Schüler méi Moyenen. Fir dat kënnen ze maachen, muss een natierlech wëssen, wou d'Schoule sech genee situéieren.

Jean-Marc Cloos Mir hunn hei kee Ranking vun de Grondschoulen am Land, mee dee Ranking ass an de Käpp vun den Elteren dran.

Pia Oppel Dee Ranking gëtt et net just an de Käpp vun den Elteren. Mee och schwaarz op wäiss an engem net publizéierte Dokument vum Educatiounsministère. Fir all Gemeng a Grondschoul am Land gëtt do gekuckt, aus wéi engem Milieu d'Schülerschaft kënnt. Wéi eng Sprooche ginn doheem geschwat, wat verdéngen d'Elteren, si si Elengerzéier oder am Chomage?

Datt et esou ee sozio-ekonomesche Schoulranking gëtt, ass kee Geheimnis. Mee e gëtt net publizéiert aus Angscht Schoulen ze stigmatiséieren.

Dat ass kee gutt Argument, fannen ech. Wann een eppes wëllt verbesseren, mussen d'Fakten all um Dësch leien. An de Ranking am Kapp vun den Elteren gëtt et esou oder esou. Also hunn ech dat Dokument beim Educatiounsministère ugefrot. A mam Verweis op d'Transparenzgesetz et och tatsächlech krut.

Zu de Schoulen, déi sozio-ekonomesch am Beschten do stinn, gehéieren zum Beispill Recken op der Mess, Nidderaanven, Garnech oder och Weiler-La-Tour. Dës Gemenge hunn zejoert ëm déi 70 Prozent vun hire Schoulkanner an de Classique geschéckt.

D'Schoulkanner zu Déifferdeng, Ëlwen, Wolz oder Esch sinn ënner deenen, déi et sozio-ekonomesch am schwieregsten hunn. Hei sinn zejoert ëm déi 20 Prozent vun de Kanner an de Classique orientéiert ginn.

Wann eise Schoulsystem méi gerecht wier an zum Beispill och professionell Ausbildunge méi valoriséiert wieren, dierfte bei der Orientatioun keng esou extreem Ecarten tëschent aarmen a räiche Gemengen opdauchen.

An de Problem ass: Dës Ecarte spigele sech bäi Wäitem net an deem selwechte Mooss beim Verdeele vu Personalressourcen erëm. Och well d'Gesetz hei eng Limitt fixéiert. Fir benodeelegt Schoulen si maximal 20 Prozent méi Moyene virgesinn. Den Educatiounsministère kann zousätzlech Enseignanten zur Verfügung stellen, an dat geschitt och. Mee dovunner profitéieren net just d'Schoulen, déi et dem Ranking no am schwieregsten hunn.

An et kënnt nach eppes dobäi. D'Gemengen dierfe selwer decidéieren, wéi si hir Personalenveloppe op d'Schoule verdeelen, wann et der méi ginn. An dobäi gëtt d'Ausganks-Iddi vum Verdeele no soziale Besoinen dacks nach weider verwässert, bemängelt den Observatoire fir Schoulqualitéit.

Kloer ass, ënner den aktuelle Bedéngunge kréien d'Schoulen déi sozial Inegalitéiten hei am Land manner gutt opgefaangen, wéi dat an anere Länner geléngt.

Dobäi feelt et eisem Schoulsystem net onbedéngt u Ressourcen. Op d'mannst net, wann een och hei de Verglach mam Ausland wot. Lëtzebuerg ass weltwäit ënner deene Länner, déi pro Schüler déi meeschten, an déi am beschte bezuelten Enseignanten hunn.

Ech wollt Iech zum Schluss vun dësem Podcast nach eng lescht Geschicht verzielen.

Op der Gare ass net just d'Fusioun vun de Schoulgebaier op d'mannst bis elo mol verhënnert ginn. Mee et ass och de Projet vun enger Ganzdaagsschoul gescheitert.

Lynn Thommes Mir hunn ëmmer dovunner gedreemt am Fong.

Pia Oppel D'Lynn Thommes schafft zanter 18 Joer als Enseignante an der Welter-Schoul op der Stater Gare. Viru puer Joer ergëtt sech fir hir Ekipp d'Méiglechkeet, fir den Dram vun enger Ganzdaagsschoul ze realiséieren.

Lynn Thommes Dunn ass op eemol d'Demande komm vun der Gemeng fir e Quartier oder eng Schoul ze fannen, déi wéilte mat op de Wee goe fir eng Ganzdaagsschoul op d'Been ze setzen.

Pia Oppel D'Welter-Schoul gëtt fir de Projet zeréckbehalen.

Lynn Thommes Et war schonn ee grousse Wëllen do. Well fir eis war et kloer, datt dat déi eenzeg, oder eng vun den eenzege Méiglechkeete wier fir déi Schéier tëschent staarken a schwaache Schüler méi kleng ze maachen.

Pia Oppel Een Aarbechtsgrupp gëtt agesat. Een Architekturbüro preparéiert eng Maquette fir en neit Gebai.

Lynn Thommes Et war mega, ne. A mir hate geplangt dunn nach fir vläicht een Emfanksberäich fir d'Elteren ze maachen, wou een nach hätt kënnen een Elterecafé maachen, weess de. Et war wierklech cool, et war mega flott. Um Daach, et soll Flachdach ginn, mat Gaart uewen drop, esou ee Schoulgaart, Hochbeeter an esou.

Pia Oppel D'Eltere sollten also méi agebonne ginn. An d'Kanner sollten net méi tëschent Foyer a Schoul hin an hier gereecht ginn. Enseignanten an Educateuren hätte bei der Betreiung Hand an Hand geschafft.

Lynn Thommes Moies ab halwer aacht oder siwen, ech weess net méi, sollt Accueil sinn. An da mengen ech um halwer néng sollt den Unterrecht ugoen, da sollt nach esou eng Begréissung si mat Frühstück oder esou fir Kanner, déi nach näischt giess haten. Well mir och mierken, datt vill Kanner an d'Schoul kommen an nach näischt giess hunn, an doduerch awer grouss Konzentratiounsproblemer entstin. Et sollt dann och einfach esou eng Phas sinn, wou si sou kënnen eng Kéier roueg schonn un eppes schaffen oder eppes fäerdeg maachen oder sou. An da sollt, also mëttes war virgesinn, datt d'Kanner sollte bis halwer véier oder véier an der Schoul bleiwen.

Pia Oppel Dënschdes an donneschdes sollt mëttes weiderhin kee klassesche Schoulunterrecht sinn. An eng Iddi war, datt Enseignanten an Educateuren d'Betreiung un deene Mëtteger zesummen assuréiert hätten. Fir Hausaufgaben ze encadréieren an Aktivitéiten unzebidden.

Lynn Thommes Et war vill Gerumouers am Quartier. An d'Eltere waren immens opgereegt. A verschiddener hu sech dann opgereegt, datt dat awer net géing goen, well do wier awer de Rugbystraining oder de Solfège oder sou. Also mir hate schonn dru geduecht, mee dat war elo net eis Prioritéit an där kuerzer Zäit, fir och vläicht kënnen Aktivitéiten an d'Schoul ze bréngen, respektiv d'Kanner an Aktivitéiten ze bréngen, oder Sport unzebidden an der Sportshal, oder. Dozou ass et alles net méi komm, fir dat nach weider ze plangen.

Pia Oppel Ouni grouss Erklärungen, stoppt déi Stater Schoulschäffen de Projet net laang no de Gemengewalen 2017. Obwuel den neien DP-CSV-Schäfferot d'Ganzdaagsschoul grad eréischt a säi Koalitiounsprogramm ageschriwwen hat.

Lynn Thommes Et war immens Schued einfach. An iergendwann hues du dann och. Dann denks de der. Boff. Da gëss de sou. Also, jo.

Colette Mart Wa mir als Gemeng wëlle mat hëllefe bei der Chancëgerechtegkeet, da musse mir den Dialog Schoul-Foyer fërderen.

Pia Oppel Dat ass d'Colette Mart vun der DP. Si ass zanter 2011 Stater Schoulschäffen, an huet de Projet vun der Ganzsdaagsschoul op der Gare an d'Rulle bruecht. Fir en dann nees an hirem Tirang verschwannen ze loossen.

Colette Mart Ech mengen och nach haut, datt dat richteg war. Ech menge mir wieren do net op e gréngen Zweig komm. Jo, da geet et un, datt ee seet, jo, wann d'Schoul bis halwer véier dauert, da ka mäi Kand jo net um zwou an de Conservatoire goen. Oder datt gemengt gëtt, da géing eng Ganzdaagsschoul vill schwaach Kanner aus anere Quartieren unzéien. Well mir haten dat ugeduecht an der Michel Welter, datt d'Kanner och aus anere Quartiere kënne kommen.

Pia Oppel Dobäi war dru geduecht ginn, de Géigner ënner den Eltere en Auswee unzebidden.

Colette Mart Mäi Gedanke war deemools, do ass jo och nach eng aner Schoul am Quartier. Dat heescht, datt déi Elteren, déi dee Modell net wëllen, déi kënnen hir Kanner jo dann an déi aner Schoul ginn. Bon, wat ech deemools net wosst, dat ass datt vill Elteren hir Kanner net wëllen an d'Rue du Commerce ginn.

Pia Oppel Et gouf keen oppene Widderstand géint de Projet vun der Ganzdaagsschoul. Firwat genee d'Schoulschäffen de politesche Courage verluer huet, ass schwéier ze soen. D'Kritik vun eenzelnen Elteren huet sécher eng Roll gespillt. Mee wat d'Colette Mart net seet ass, datt et zum Beispill och Bedenken am Stater Schoulservice goufen.

No villem Nofuerschen am Schäfferot, bei der Oppositioun, bei Enseignanten an Elteren aus dem Quartier ass meng Conclusioun, datt virun allem eppes gefeelt huet. Eng Lobby fir déi Kanner, déi an eisem Schoulsystem struewelen, an déi vun dësem Projet sollte profitéieren.

Kanner, wéi d'Estrela, dat Dir ganz um Ufank an der éischter Episod vun dësem Podcast kennegeléiert hutt. D'Estrela, wat mat sengen aacht Joer mengt, hatt wier net intelligent. Fir seng Schwieregkeeten an der Schoul sicht hat de Feeler als éischt bei sech selwer. Hatt mécht sech awer och seng Gedanken doriwwer, wéi d'Situatioun sech kéint veränneren. D'Estrela a seng Mamm hu mir dovunner verzielt.

Isabelle Estrela, au début elle me disait toujours, je veux être président des écoles. Mais ella a dit, pas la présidente qui est là au bâtiment. Je veux être la présidente de la présidente. Alors tu veux devenir ministre de l'Education? Et elle me dit, c'est la femme qui est en charge de tout? Et je dis, oui, oui. Alors c'est ça que je veux [laacht].

Pia Oppel Ziels du mir deng Geschicht, wat wolls du ginn?

Estrela President vun der Schoul [laacht]

Pia Oppel A firwat?

Estrela Well sou kann ech, weess de, soe wat s de muss maachen.

Pia Oppel Wat géifs du dann änneren an der Schoul?

Estrela Ech géif, Jofferen net sou vill mat Kanner jäizen. Ech géif och änneren, ech hu vill Hausaufgaben. Déck vill. Meng Joffer gëfft eppes, datt du muss ofschreiwen, mee déck vill. Ee groussen Diktat.

Pia Oppel Wéi méchs du dat, wann s du doheem een Diktat muss maachen?

Estrela Meng, meng Mamm hatt hänkt den Diktat sou do drop an ech schreiwen of. Well meng Mamm kann net Däitsch liesen. Dofir mécht hatt dat. Mee hatt léiert. Ech léieren hatt schon. Hatt gëtt besser. Sécher.

Pia Oppel Ech wéilt, ech kéint dem Estrela seng Zouversiicht deelen. Datt d'Situatioun besser gëtt, datt eise Schoulsystem besser gëtt, a méi gerecht.

Ech hunn am Laf vun dësem Projet vill Mënsche begéint, déi dovunner iwwerzeegt sinn, datt dat néideg a méiglech ass.

Tun Fischbach Ech sinn einfach iwwerzeegt, datt ee faire Schoulsystem d'Réckgrad vun enger wierklech demokratescher Gesellschaft ass.

Karin Elsen Wann ee gesäit, datt eppes manifestement net gerecht ass, da muss ee jo probéieren eppes dorunner ze änneren.

Sandra Carvalho C'est une mission, je le vois comme une mission. Je veux aider ses élèves à réussir.

Sarah Scholtes Ech hoffen, datt dee Projet komm ass fir ze bleiwen. Well ech mengen, datt et a Punkte Chancen de Lëtzebuerger Schoulsystem einfach méi gerecht mécht fir eis Kanner.

Pia Oppel An awer hunn ech Zweifel. Well et geet eben net duer, datt eenzel Leit hiert Bescht maachen.

Edith Jacobs D'Lëtzebuerger Schoulen, se hu sech net als erneuerungsbedürfteg ëmfonnt, mengen ech. Do hätt ee missen zu vill sinn, fir et kënnen duerchzedrécken, ewéi esou ee klenge Grippchen.

Pia Oppel Dir waart Eenzlkämpfer?

Edith Jacobs Jo.

Pia Oppel Mir héieren eis gäre soen, datt mir ee gudden a gerechte Schoulsystem brauchen. An datt dat am allgemengen grad wéi an eisem perséinlechen Interessi wier.

Mee gleewe mir wierklech do drun?

Dat hei war "Schlechte Schüler", ee Podcast vum radio 100,7. Recherche a Redaktioun: Pia Oppel a Pierre Reyland. Mat der Ënnerstëtzung vum Tessy Troes, Jean-Claude Franck, Rick Mertens, Chris Zeien a Semir Demic. Toun a musikalesch Arrangementer: Chris Simon. Coordinatioun: Yves Stephany.

Eis Titel-Musek, de "Gassenhauer" aus dem Orff-Schulwerk ass ënner der Leedung vum Laurent Warnier vu Schülerinnen a Schüler am Stater Conservatoire opgeholl ginn. Merci dem Joé Alff, Constantin Barbu Ravoux, Michael Calnan, Felix Dunkel, Laurie Krier, Ina Molakava, Lola Schleicher, Julian Seredynski, Youqian Lulu Pang, Louis Thill an Eloïse Twimumu.