Radioen

On air

Soundcheck  |  Adrienne Lenker live zu New York, Anna B Savage am Roxy zu Prag

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Mir siche Freelancer:innen an der Animatioun

Joboffer

Mir siche Freelancer:innen an der Animatioun

De radio 100,7 sicht Freelancer:innen an der Animatioun

Dir hutt Loscht fir Radio ze maachen? Dir hutt Loscht, Lëtzebuerg mat prakteschen Informatiounen a gudder Musek duerch den Dag ze begleeden? Dir hutt Loscht, an enger jonker, dynamescher Ekipp ze schaffen, an d’Zukunft vum Service public matzegestalten? Mir sichen Talenter, fir eise Programm weiderzeentwéckelen.

Fir de Programm vun der Schoulrentrée u mat neie Stëmmen ze beräicheren, sicht de radio 100,7

Freelancer:innen an der Animatioun

 

Tâchen:

  • Emissiounen animéieren, Interviewe mat Invitéë féieren, Debate leeden

 

Den ideale Profil:

  • E gutt Allgemengwëssen, an en Interesse fir Kultur, Musek, Politik an d’Lëtzebuerger Gesellschaft; Erfarung am Radio/Podcast-Beräich ass vu Virdeel; E sympathescht, empathescht a selbstbewosst Optrieden
  • Eng agreabel Stëmm mat excellenter Diktioun an Aussprooch
  • Geschéck fir eng aktiv Kommunikatioun opzebauen
  • E Gespier fir Storytelling an eng dynamesch Gespréichsféierung
  • Capacitéite fir Moderatiounen an Artikelen ze schreiwen
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)

 

Mir bidden:

  • E professionellen Encadrement an eng hausintern Ausbildung
  • D’Méiglechkeet fir Är Perséinlechkeet an Är Iddien an Emissiounen afléissen ze loossen
  • E Freelance-Kontrakt iwwer eng Saison, dee ka verlängert ginn
  • Perspektiv fir eng längerfristeg Zesummenaarbecht

 

Lued eis hei drënner eng Audio oder Video Kandidatur bis spéitstens den 18. Mäerz erop: