Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Éischt Reunioun vum Publikumsrot vum Média de service public 100,7

Communiqué

Éischt Reunioun vum Publikumsrot vum Média de service public 100,7

Den neie Publikumsrot vum Média de service public 100,7 hat den 29. Februar 2024 seng éischt Reunioun.

1. Mäerz 2024 – De Publikumsrot vum Média de service public 100,7 hat den 29. Februar 2024 seng éischt Reunioun. D’Roll vum Publikumsrot ass et, der Ekipp vum 100,7 en informéierten a kritesche Retour zu de Programmer vun de Radiosender “radio 100,7” an “opus 100,7”, esou wéi den Inhalter vun den Internetsäiten “www.100komma7.lu” an “www.opus.radio” ze ginn. De Publikumsrot hëlleft dem 100,7 esou, seng Service public Missioun esou gutt wéi méiglech ze erfëllen.

De Publikumsrot huet zwielef Memberen. Si goufen no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot vum 100,7 ernannt. Bei der Selektioun vun de Memberen ass et dem Verwaltungsrot ëm eng gutt gemëschten Zesummesetzung, wat den Alter, d’Geschlecht, d’Regioun vum Land an de sozio-professionellen Hannergrond ugeet, gaangen, awer och ëm eng Mëschung vu ganz treien a méi geleeëntlechen Nolauschterer an Nolauschterinnen.

De Publikumsrot gëtt vun der Renata Santini presidéiert. Déi aner Membere sinn d’Catherine Jost, de Charly Krau, de Philippe Majerus, d’Nadine Martin, de Gery Oth, de Patrick Pereira, de Benjamin Questier, d’Katharina Rausch, d’Michèle Schank, d’Sofia Vitali Gonçalves an de Jo Wildschutz. D’Membere vum Publikumsrot sinn an hirem perséinlechen Numm genannt a vertriede keng Organisatiounen oder gesellschaftlech Stréimungen.

D’Grondlag fir e Publikumsrot gouf mam Gesetz vum 22. August 2022 iwwer de Média de service public 100,7 geluecht. De Rot wäert mindestens zwee Mol am Joer zesummekommen. Beim Fonctionnement vum Publikumsrot huet den 100,7 sech un de Virbiller vun de Service public Medien an der Schwäiz (SRG-SSR) inspiréiert. 

Vum Joer 2026 u wäert all Joer een Drëttel vum Publikumsrot nei besat ginn. D’Kandidate fir d’Mandater vun dräi Joer wäerten iwwer en ëffentlechen Opruff gesicht ginn.