Radioen

On air

Thé Dansant  |  America - Tin Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Mir sichen: Noriichtespriecher:in fir den Newsroom

Joboffer

Mir sichen: Noriichtespriecher:in fir den Newsroom

De radio 100,7 ass op der Sich no engem/enger Noriichtespriecher:in fir den Newsroom

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Features.

 

An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Noriichtespriecher:in mat Radioerfarung fir den Newsroom  

 

Déi wichtegst Tâchen:

  • Presentatioun vun den Noriichten, ë. a. op der Fréischicht (04.00-12.00 Auer)
  • D’Couverture vun der politescher, wirtschaftlecher a sozialer Aktualitéit zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun assuréieren
  • Konzeptioun, Preparatioun a Realisatioun vun Interviewe mat (live) Invitéen
  • Recherche, Virbereedung a Produktioun vun editoriale Bäiträg a Reportagen

 

Wéi eng Fachkompetenze siche mir?

  • Beruffserfarung vun op d’mannst zwee Joer am journalistesche Beräich
  • En Diplom am Journalismus souwéi Radioerfarung si vu Virdeel
  • Praktesch Erfarung an der Interviewféierung a sozial Kompetenzen
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)

 

Wéi eng Eegeschafte soll ee matbréngen?

  • Virwëtz a Begeeschterung fir breetgefächert Theemen ofzedecken
  • Sproochlecht a rhetorescht Geschéck, eng excellent Diktioun an Aussprooch
  • Eng Begabung fir Informatiounen ze analyséieren, ze reformuléieren an ze resuméieren
  • D’Capacitéit fir Informatioune séier ze verschaffen an Imprevuen ze geréieren
  • En ausgepräägte Sënn fir Organisatioun an Zäitmanagement
  • Stressresistenz  

 

Mir bidden:

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
  • Eent de Kompetenzen entspriechend kompetitiivt Gehalt mat transparente Perspektiven
  • Eng Homeoffice-Reegelung
  • Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
  • Eng motivéiert Ekipp an engem kreativen an dynameschen Ëmfeld


Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens den 22. Abrëll per Email un rh@100komma7.lu.