Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - I Don't Wanna Get Drafted

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Den 100,7 schaaft e Publikumsrot

Den 100,7 schaaft e Publikumsrot

Am Publikumsrot vum 100,7 wäerten Nolauschterer vum radio 100,7 a vum opus 100,7 der Equipe vum Radio am Austausch hëllefen, hier Service public Missioun sou gutt wéi méiglech ze erfëllen. Den Opruff fir Kandidature fir den éischte Publikumsrot leeft vum 17. Oktober bis den 13. November 2023.

Den 100,7 sicht Fräiwëlleger, déi de Radio dobäi ënnerstëtzen, seng Service public Missioun sou gutt wéi nëmme méiglech ze erfëllen. Dofir schaaft den 100,7 e Publikumsrot, an deem Nolauschterinnen an Nolauscherer der Equipe vum Radio hir fräi a kritesch Aschätzungen an Observatiounen zum Radiosprogramm an der Onlineoffer ginn.


Eng Kandidatur kann ee stellen, andeems ee sech online aschreiwt an op e puer Froen äntwert.


Fir d’Aschreiwung, klickt w.e.g. hei: Kandidatur fir de Publikumsrot


De Publikumsrot wäert 12 onofhängeg Memberen hunn a mindestens zweemol am Joer zesummekommen. D’Sujete fir d‘Reunioune gi vum Rot selwer festgeluecht. D’Equipe vum Radio liwwert déi néideg Informatiounen, fir den Austausch anstänneg präparéieren ze kënnen.


D’Membere vum Publikumsrot gi vum Verwaltungsrot vum 100,7 ënnert de Kandidaten erausgesicht. Den Haaptkrittär wäert eng gutt gemëschten Zesummesetzung sinn, wat den Alter, d’Geschlecht, d’Regioun vum Land an de sozio-professionellen Hannergrond ugeet, awer och eng Mëschung vu ganz treien a méi onregelméissegen Nolauschterer an Nolauschterinnen.


D’Mandat am Publikumsrot ass am Prinzip fir eemol dräi Joer, woubäi all Joer een Drëttel vun de Memberen erneiert gëtt. Dofir wäert bei der éischter Zesummesetzung ausgeloust ginn, wien (exzeptionell) e Mandat vun zwee, dräi oder véier Joer kritt.
De radio 100,7 an den opus 100,7 gi vum Média de Service public 100,7 bedriwwen, engem onofhängegen Etablissement public, dee vun der ëffentlecher Hand finanzéiert ass. De Verwaltungsrot ass mat sechs onofhängege Memberen, déi vum Verwaltungsrot selwer rausgesicht ginn, an dräi Staatsvertrieder besat. De Verwaltungsrot ass fir d’Gouvernance an d’Gestioun vum Haus responsabel. Den Direkter ass de Garant vun der redaktionneller Onofhängegkeet vum 100,7.


De Publikumsrot huet eng berodend Roll. Säi Prinzip ass am Gesetz vum 22. August 2022 iwwert de Média de Service public 100,7 festgeschriwwen. Fir d’Organisatioun an de Fonktionement vum Publikumsrot inspiréiert den 100,7 sech virun allem un de Virbiller vum Service public an der Schwäiz (RSI, RTR, RTS an SRF).