Radioen

On air

Notturno  |  Sudan Archives - Nont For Sale

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Mir sichen: Redactrice/Redakter am Beräich “Features/Audio-Documentaire”

Joboffer

Mir sichen: Redactrice/Redakter am Beräich “Features/Audio-Documentaire”

De radio 100,7 sicht eng/een Redactrice/Redakter am Beräich “Features/Audio-Documentaire fir Vollzäit

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.

An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Redactrice/Redakter am Beräich “Features/Audio-Documentaire”

 

Tâchen, zesumme mat der Coordinatrice “Features”:

  • Gestaltung, Virbereedung, Produktioun an Animatioun vu längeren Audio-Projeten
  • D’Recherche vun interessanten Theeme mat engem héije gesellschaftlechen Notzwäert
  • Redaktioun vum Skript
  • Opnam a Montage vum Audio-Contenu mat der Ënnerstëtzung vum technesche Service
  • Participatioun un der Distributioun vun Inhalter fir den Zilpublikum ze erreechen
  • Aktuell Trends an Entwécklungen am A behalen, fir se an d’Bäiträg afléissen ze loossen
     

Wéi eng Fachkompetenze siche mir?

  • Journalistesch Erfarung, am Speziellen an déifgrënneger Recherche
  • Erfarung an der Produktioun vu laangfristeg geplangte journalisteschen Inhalter, am Idealfall am Audio-Beräich
  • Bac+3 am Beräich Journalismus ass vu Virdeel
  • Kenntnisser an Audio-Schnëttprogrammer si vu Virdeel
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
     

Wéi eng Eegenschafte soll ee matbréngen?

  • Journalistesch Rigueur
  • Eng Passioun fir Storytelling an innovativ Erzielformen
  • Een Interessi fir Politik a gesellschaftlech Enjeuen
  • E Gespier, wéi eng Theeme vun ëffentlechem Interessi sinn
  • En ausgepräägte Sënn fir Teamwork
  • D’Fäegkeet ënner Zäitdrock ze schaffen
  • De Wonsch fir d’Produktiounsprozesser kontinuéierlech ze optimiséieren
     

Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
  • Homeoffice-Reegelung
  • Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld  

 

Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 19. Februar 2024 per Email un rh@100komma7.lu.