Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1941: Deportatioun vun den éischte Lëtzebuerger Judden

Commémoratioun

1941: Deportatioun vun den éischte Lëtzebuerger Judden

Viru 75 Joer, de 16. Oktober 1941, sinn déi éischt 323 Lëtzebuerger Judden op der Stader Gare vun der Gestapo versammelt ginn an a Polen deportéiert ginn. Fir de President vum Consistoire israélite si Commemoratioune wichteg. Et si symbolesch Akten awer keen Zil u sech, seet de Claude Marx.

auto_stories

2 min

Claude Marx

D'Fuerschung an d'Geschichtsschreiwung iwwert den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg musse weider goen, esou de President vum "Consistoire israélite". Erënnerungszeremonien wäre wichteg Momenter fir zum Nodenken ze bewegen. Ouni Manifestatioune géing d'Erënnerung verschwannen. Fir de Claude Marx ass d'Vergiessen eng oppen Dier fir all Exzesser, fir den Negationismus. Op der Stader Gare war haut eng Commemoratioun fir den éischte Judden aus Lëtzebuerg ze gedenken, déi deportéiert goufen.

D'Fuerschung muss weider goen

Iwwert Zeremonien eraus, wär et wichteg, datt déi Jonk léiere, wéi d'Mechanisme funktionéiert hunn, déi Shoah méiglech gemaach hunn. Doduerch soll verhënnert ginn, datt esou eppes rëm méiglech gëtt, esou de Claude Marx.

D'Polemik, déi duerch d'Recherchë vun den Historiker Vincent Artuso an Denis Scuto iwwert d'Roll vun der Lëtzebuerger Verwaltung während der Nazi-Okkupatioun entstanen ass, géing beweisen, datt den Interesse vun der Lëtzebuerger Populatioun un der Juddeverfolgung grouss ass.

Et wär een awer net um Enn vun der Fuerschung ukomm. "Mat all Dier, déi ech opmaachen, entdecken ech neier", zitéiert de Claude Marx den Historiker Denis Scuto. Et géing nach Villes gi wat bis elo net gesot gi wär, an wat misst reveléiert ginn.

De President vum "Consistoire israélite" Claude Marx am Gespréich mam Mick Entringer:

Claude Marxplay_arrow