Radioen

On air

Owesconcert  |  Trouvez l'intrus!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2017 keng Oekofoire

Oekofoire

2017 keng Oekofoire

auto_stories

1 min

Oekofoire 2016. Foto: Mouvement écologique

2017 ass keng Oekofoire: Dat huet de Verwaltungsrot vun der Ëmwelt-Associatioun Mouvement écologique gëschter Owend decidéiert. D'Presidentin Blanche Weber confirméiert, et wéilt een nei Iddien entwéckelen.

D'Oekfoire an den Ausstellungshalen um Kierchbierg war den Organisateuren no déi gréisst Ëmweltfoire an der Groussregioun SaarLorLux. Déi éischt Editioun vun der Foire war 1987 - d'nächst Joer wier deemno déi 30. Editioun gewiescht.

D'Zuel vun de Visiteuren ass zënter e puer Joer staark zréckgaangen: Bis 2013 si regelméisseg ronn 14.000 Leit op der Oekofoire passéiert. Dëst Joer waren et der nach ronn 10.000.

Organiséiert gouf dës Foire an Zesummenaarbecht mat der Gesellschaft LuxExpo: Den Direkter Jean-Michel Collignon wëllt fir de Moment keng Deklaratioun zum Thema maachen.


Interview mat der Blanche Weberplay_arrow