Referendum a Groussbrittannien 46 Millioune Brite waren opgeruff ze wielen

D'Ofstëmmung fir oder géint ee Brexit huet d'Bevëlkerung bis zum Schluss polariséiert. Och well déi zwou Campagnen déif Spueren a Groussbritannien hannerlooss hunn.

Pierre Reyland (London) / ckl

Wahlurn Groubrittannien.jpg
D'Wahlbüroen a Groussbritannien waren um Donneschdeg bis um 23 Auer eiser Zäit op

D'Wahlcampagne a Groussbritannien hat sech an de leschten Deeg intensivéiert. De Boris Johnson, fréiere Londoner Buergermeeschter a charismatesche "Leave"-Supporter, sot, datt den 23. Juni den nationale briteschen Onofhängegkeetsdag sollt ginn. De Premier David Cameron huet widderholl, datt de Referendum eng definitiv Decisioun ass an datt et keen Zeréck méi gëtt, wa Groussbritannien d'EU verléisst.

"An der EU hu mer méi Energie", sot eis an de Stroosse vu London eng Fra, déi fir de "Remain" ass: "An der EU si mer net kleng, mee en Deel vun eppes méi groussem", sou hir Aschätzung. "Firwat eppes änneren?", seet e weidere Remain-Supporter. Zanter Groussbritannie Member vun der EU gouf, am Joer 1973, hätt d'Liewensqualitéit net ofgeholl. "Firwat also eppes flécken, wann et net futti ass?".

"Take Back Control"

Een Taxischauffeur seet: "Et ass 100% kloer, dass mer dra solle bleiwen. Mee d'Brexit-Supporter denke just un eppes, an zwar d'Immigratioun. Déi ekonomesch Konsequenze sinn hinnen egal. Si wëllen einfach net nieft engem Bulgar, engem Rumän oder eng Persoun mat engem moslemesche Voile liewen. Déi meescht vun deenen, déi fir e Brexit stëmmen, sinn eigentlech Rassisten, mee wëllen dat net agesinn".

Grad esou iwwerzeegt sinn natierlech déi, déi es genuch hu mat der EU, an déi dru gleewen, dass Groussbritannien et alleng an der Welt ka packen, nom Motto: "Take Back Control". E jonke Student seet, all seng Frënn wiere fir de "Leave". D'Warnung vun den ekonomeschen Experte gesäit hien esou: d'Welt géif sécher net ophale mat Groussbritannien ze verhandelen. Beispill: BMW a Mercedes géifen net ophalen Autoen op der Insel ze verkafen - d'Brite wieren déck Clienten.

Ëm eng "kontrolléiert Immigratioun" geet et engem weideren Taxischauffeur: "Ech fannen, datt eist Parlament, eist Land d'Gesetzer soll maachen. Mir sollen net vu Bréissel aus regéiert ginn".Sécher ass: d'Populatioun a Groussbritannien ass gedeelt, an egal wéi et ausgeet, riskéiert dat esou ze bleiwen.

AUDIO

Referendum: D'Bevëlkerung gedeelt

Méi zum Thema

Pabeier Schëffercher mat europaëschem a britesche Fändel Dossier
Austrëtt vu Groussbritannien

Artikele ronderëm den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen