Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A wat elo konkret?

Rifkin-Etude

A wat elo konkret?

Teleaarbecht, Carsharing an Uberisatioun wäerten an Zukunft Deel vun der Wirtschaft an der Aarbechtswelt ginn, seet de LSAP-Wirtschaftsminister. Dofir wier et elo wichteg dee Prozess aktiv ze begleeden. Den Etienne Schneider appelléiert un d’Gewerkschafte fir grad beim Volet Aarbechtsrecht déi Drëtt Industriell Revolutioun ze begleeden. Iwwert en neie Fong sollen déi grouss national Infrastrukture fir d’Mobilitéit an Digitaliséierung vun der Ekonomie finanzéiert ginn.

auto_stories

3 min

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider

Energieeffizienz a Nohaltegkeet, sinn d’Schlësselwierder vun der Rifkin-Etude. Mat Interkonnektivitéit, Elektroautoen, ëffentlechem Transport a Biolandwirtschaft soll dat Zil erreecht ginn. Néng Aarbechtsgruppen hätten an zéng Méint 80 "konkret Mesuren" ausgeschafft, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Eng Mesure géif d’Teleaarbecht an der Groussregioun concernéieren. Vill Aarbechten, déi haut um Büro géife gemaach ginn, kéinten an Zukunft vun doheem aus gemaach ginn, erkläert den Etienne Schneider. Do géif et awer den Ament nach e steierleche Problem fir d’Frontaliere ginn. E Frontalier géif aktuell seng Lounsteieren do bezuelen, wou hie schafft. Wann en dat doheem géif maachen, da géifen d’Stéieren an d’Ausland fléissen. Fir dat anescht ze regele wéilt d’Regierung de Kontakt mat de Nopeschlänner ophuelen. Dee Problem misst awer och europäesch geléist ginn, esou den Etienne Schneider.

Lëtzebuerg: E Modellbeispill fir d’EU?

De Wirtschaftsminister ënnersträicht, déi grouss Linne vun der Rifkin-Etude wieren net nei. Nei wier et awer, datt sech geziilt domadder befaasst gi wier, wéi een déi Entwécklunge begleede géif. Lëtzebuerg wier iwwerdeems dat éischt Land, dat deen Exercice géif maachen. Dofir géif Lëtzebuerg och vun der Europäescher Kommissioun gelueft ginn - et wier beispillhaft fir déi ganz EU.

Lëtzebuerg huet dem Etienne Schneider no gutt Viraussetzunge fir seng Ekonomie ëmzestellen, well an de leschte Jore scho vill Infrastrukturen am ICT-Beräich an an der Mobilitéit opgebaut gi wieren. Net all Problematik misst direkt an der Groussregioun geléist ginn, mengt de Wirtschaftsminister. Esou Initiativë wéi Carsharing an "driverless driving" kéint een op nationalem Territoire ulafe loossen.

En neit Aarbechtsrecht

Eng Partie Theme ginn net am Rifkin-Rapport thematiséiert: Sozial Kohesioun, Integratioun oder d'Fro, wéi d’Schéier tëscht Aarm a Räich an Zukunft zesumme bruecht soll ginn. Do wier d’Zesummenaarbecht mat de Gewerkschafte wichteg, seet de Wirtschaftsminister. Grad wat an Zukunft d’Aarbechtsrecht géing ugoen, wier et wichteg, datt d’Gewerkschafte géife matschaffen. Verschidde Gewerkschaften hätten net bei der Rifkin Etude wëlle matmaachen, well si net gewosst hätten, wat um Enn dobäi eraus kéim. Si hätte léiwer duerno wëllen drop reagéieren. Den LCGB an och d’Chambre des salariés hunn dem radio 100,7 gesot , si wieren absolut bereet, an Zukunft matzediskutéieren. De Wirtschaftsminister betount, et wier geplangt, fir de Rifkin-Rapport am Wirtschafts- a Sozialrot mat de Sozialpartner opzeschaffen.

Finanzement: E Fong a Subsiden

Fir déi grouss Infrastrukturprojeten an der Suite vum Rifkin-Rapport ze finanzéieren, wëll d’Regierung e neie Fong schafen. Domadder wëll een dem Etienne Schneider no verhënneren, datt de Staatsbudget ze vill belaascht gëtt. D’Bierger sollen iwwer Subventiounen a privilegiéiert Zënstauxen op Prêten incitéiert ginn, fir beim Bauen a Renovéieren an d'Nohaltegkeet ze investéieren.

Den LSAP-Minister betount, d’Rifkin-Etude wier e Startschoss. Aarbechtsgruppen a Plattforme géifen an de nächste Méint um Suivi schaffen. Et géif ee Kalenner opgesat ginn, fir d’Ëmsetzung vun de verschiddene Mesuren ze plangen. An der Regierung wier decidéiert gi fir regelméisseg mat de concernéierte Ministeren de Suivi vun der Etude ze maachen. De Wirtschaftsminister hätt d’Aufgab, dem Regierungsrot regelméisseg Rechenschaft ofzeleeën, wou ee grad mat welchem Dossier dru wier.


D’Etude vum amerikanesche Futurolog Jeremy Rifkin huet ronn 475 Säiten an huet 425.000 Euro kascht. Ee Joer huet de Consultatiounsprozess gedauert un deem sech 300 Fräiwëlleger bedeelegt hunn. Néng Themefelder goufe beliicht.