Radioen

On air

De Moien  |  D’Eemaischen: hir Geschicht an hiert Symbol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarbechtsaccidenter, net akzeptabel

Sécherheet

Aarbechtsaccidenter, net akzeptabel

Dëst Joer goufen et schonns néng déidlech Aarbechtsaccidenter. Dobäi hunn zéng Mënschen hiert Liewen op eise Chantiere gelooss. Kënne mir dat einfach esou hinhuelen, freet d'Laura Zuccoli am fräie Mikro.

auto_stories

2 min

Laura Zuccoli

Stellt iech fir et wieren 2016 zéng Leit bei engem Aarbechtsaccident bei der Schaff an enger Administratioun an der Fonction Publique gestuerwen. D'Aarbechtssécherheetsmesure waren op e Neits net respektéiert ginn. An d'Beamte wieren hirem Schicksal iwwerlooss?

Da wier eist Land net méi grouss genuch fir d’Opreegung opzefänken.D'Lëtzebuerger wieren entsat a rosen. Eis Politiker misste massiv Moossnahmen huelen. d'Aarbechtsinspektioun kréich endlech déi Beamten, déi si brauch fir Mëssstänn opzedecken.

Keng Staatsbeamten

Leider sinn d’Aarbechter aus der Baubranche keng Staatsbeamten. Au contraire! Am November ass erëm e portugiseschen Aarbechter bei der Schaff gestuerwen. A säin Aarbechtskolleg ass schlëmm verwonnt ginn. Eng kuerz Schlagzeil an eise Medien, méi gouf et net. Et war den néngten Aarbechtsaccident zënter dem Ufank vum Joer.

D'Affer hat 32 Joer an zwee kleng Kanner. Den Aarbechtsminister huet der Famill säi Bäileed ausgedréckt an dem Verwonnten eng séier a gutt Besserung gewënscht.

Méi Kontrollen

D'Zuel vun déidlechen Aarbechtsaccidenter huet sech tëscht 2015 an 2016 verduebelt. An d'Joer ass nach net eriwwer. Sécher, mir hu vill méi Chantieren an deemno béi Aarbechter am Asaz – also misste méi Kontrolle gemaach ginn.

Den Aarbechtsminister huet op Radio Latina d’Aarbechter vum Bau opgeruff Sécherheetslacunnen der Verwaltung ze mellen. Den Nicolas Schmit huet verséchert, fir all Hiweis anonym ze behandelen. Hu mir da soss kee Moyen géint dës Mëssstänn virzegoen? Musse mir eis elo op d'Delatioun vun Aarbechter verloossen, fir datt eis Gesetzer agehale ginn? Sécher ass et gutt, d’Aarbechter ze responsabiliséieren. Mee d'Praxis wéist: Wann d'Aarbechtsinspektioun 44 Beamten huet fir Kontrollen op de Chantieren ze maachen, an dovun nëmmen 13 op den Terrain ginn – da kann net vill derbäi erauskommen.

Wiere si Wieler

Wat fir e Wäert gi mir dem Liewe vun engem Aarbechter? Wieren dës Aarbechter Wieler, géife mir da grad sou liichtfäerteg mat dësen dramatesche Situatiounen ëmgoen? Ech sinn a bleiwen der Meenung datt d'Wahlrecht de Wee ass, dofir ze suergen datt esou Schicksaler endlech eescht geholl ginn. Eis Poltiker kënne soe wat si wëllen – si handele virun allem fir de Wieler. Beispiller dofir ginn et eng Hellewull: Auslännesch Botzfraen déi éiweg nëmmen de Mindestloun verdéngen - ob si zéng, 20 oder 20 Joer laang geschafft hunn.

D'Preventioun vun Aarbechtsaccidenter ass eescht ze huelen. Moyene fir d’Anhale vun de Gesetzer musse gestallt ginn. Dofir ass Politik do. Néng déidlech Aarbechtsonfäll dëst Joer - dat ass an eiser räicher Gesellschaft net akzeptabel!